Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paulette Lenert no Malaise um Wee vun der Besserung

Communiqué

Paulette Lenert no Malaise um Wee vun der Besserung

D'Gesondheets-Ministerin Paulette Lenert wier um Wee vun der Besserung, no engem Malaise virgëschter: dat huet hire Ministère de Mëtteg matgedeelt.

auto_stories

1 min

D'Gesondheets-Ministerin Paulette Lenert wier um Wee vun der Besserung, no engem Malaise virgëschter: dat huet hire Ministère de Mëtteg matgedeelt.

No engem kuerzen Openthalt an der Klinik, hätt der LSAP-Politikerin hire Gesondheets-Zoustand sech séier verbessert.

D'Ministerin wier elo doheem a si géif sech e puer Deeg erhuelen.

Op der Pressekonferenz nom Regierungsrot gëschter war d'Ministerin vum Santés-Direkter ersat ginn.