Radioen

On air

Notturno  |  Kadhja Bonet - Delphine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Payconiq keeft Digicash op

Lëtzebuergesch Fintech-Industrie

Payconiq keeft Digicash op

Am Secteur vun de Finanztechnolgië gëtt de Verkaf vun der Lëtzebuerger Fintech-Entreprise un déi hollännesch Holding positiv gedeit. Jonk IT-Entreprisë kéinte sech hei am Land gutt entwéckelen an hätten Iddien, déi och am Ausland op Interessi stoussen.

auto_stories

5 min

2012 gouf Digicash gegrënnt a bitt zënterhier verschidde Servicer am Beräich vun den digitale Payementer un. D'Start-up huet d'lescht Joer ronn 125.000 Euro Perte gemaach, bei engem Chiffre d'affaires vun 1,5 Milliounen Euro. Zënter 2012 huet Digicash domat am ganze reportéiert Pertë vu ronn zwou Milliounen Euro am Bilan vun 2016 stoen. Déi lescht Méint hätt Digicash awer méi Suen erakritt, wéi der ausgi goufen.

Finanziell ass d'Acquisitioun also op d'mannst kuerzfristeg gekuckt net sou attraktiv. Fir Payconiq ass et awer ënnert anerem interessant, datt de Service elo Accès op d'Plattform an de Commercante-Reseau vun Digicash kritt, esou de Raoul Mülheims, Direkter a Matgrënner vun Digicash.

D'Propriété intellectuelle vun der Software géif awer bei de Fondateure vun Digicash bleiwen. Si ginn an Zukunft Serviceprovider fir Payconiq an Digicash Payments S.A. zu Lëtzebuerg, fir d'Realisatioun vun den Applikatiounen a vun de Plattformen, déi hannendrun hänken.

Wat bleift vun Digicash?

Payconiq wëll eréischt an e puer Wochen annoncéieren, ob Digicash als Marque verschwënnt, a wéi de Service an Zukunft fonctionnéiere soll, esou d'Entreprise op Nofro hin.

Laangfristeg wier awer kloer, datt Digicash technesche Fournisseur fir Payconiq géif ginn, erkläert de Raoul Mühlheims. Et kéint och sinn, datt d'Digicash-"Beacons" deemnächst vu Payconiq genotzt ginn: De Beacon ass den Apparat, iwwert deen d'Smartphone-App Donnéeën iwwermëttelt, déi d'Bezuelen am Buttek autoriséieren.

Lizenz fir Payementer an der EU

Digicash ass fir Payconiq och interessant, well d'Firma eng Lizenz huet, fir Payementer an der Europäescher Unioun ze maachen. D'Lizenz erméiglecht och den Accès vun Drëtten op dem Client säi Konto. De legale Kader dofir definéiert déi zweet EU-Direktiv iwwert Payment-Servicer.

Fir d'Banke bedeit d'Direktiv "kloer e Paradigmewiessel", esou de Raoul Mühlheims, "well dann d'Exklusivitéit vun der Relatioun mam Client op de Compte Courant net méi wäert gi sinn."

Konkurrenz duerch aner Servicer

Duerch déi nei Direktiv kéinten och Payementsservicer wéi "Apple Pay" Accès op d'Konte vun europäesche Cliente kréien. Esou Servicer wieren awer keng Konkurrenz fir europäesch Fintech-Entreprisen, esou de Jean Diederich.

De Partner bei der Consulting-Entreprise "Wavestone" a President vun der Associatioun vun de Professionelle vun der Informatiounsgesellschaft ass iwwerzeegt, datt d'Payementer an Zukunft weider vu Fintech-Entreprisen oder Banke geréiert ginn.

Gutt Nouvelle

De Verkaf vun Digicash u Payconiq ass e positiivt Zeeche fir déi Lëtzebuerger Fintech-Industrie, fënnt de Nasir Zubairi, Direkter vum Luxembourg House of Financial Technology. Dës ëffentlech-privat Initiativ hëlleft Fintech-Entreprisë bei der Sich no Kapital a bei Regulatiounsfroen.

D'Acquisitioun vu Digicash géif weisen, datt Entreprisen aus dem Lëtzebuerger Fintech-Secteur Produite schafen, déi fir auslännesch Entreprisen intressant sinn, esou den Nasir Zubairi. Payconiq hätt ee méi wäitsiichtege "Masterplan", an deen Digicash gutt erapasse géif.

Nach net rentabel

Payementsservicer, déi sech op de Lëtzebuerger Marché konzentréieren, si wéinst der gerénger Unzuel un Transaktioune limitéiert, seet den Jean Diederich. Digicash hätt dowéinst net kënnen am gewënschte Mooss investéieren a wuessen.

"D'Banken hätten iergendwann missten déif an d'Täsch gräifen, wat si wahrscheinlech net gemaach hunn", esou de Jean Diederich. Payconiq gëtt ënnerstëtzt vun der ING an der Belsch an an Holland, a vu KBC: "Dat heescht, déi Banken hunn dann decidéiert, datt si iwwert d'Belsch an Holland déi Sue géifen op den Dësch leeën, an net iwwer Lëtzebuerg."

Op engem Marché vu potentiell ronn 800.000 Cliente wieren d'Skaleneffekter vun Natur aus limitéiert, esou de Raoul Mülheims. D'Entreprise hätt virum Choix gestanen, fir iwwerproportional héich z'investéieren oder fir de Produit op aner Marchéen auszeweiten. Béides wier fir Digicash awer schlussendlech net a Fro komm. Et hätt sech fir d'Haaptinvestisseuren net rentéiert, fir weider vill Kapital an Digicash z'investéieren.

Payconiq wier ee gudden Acteur, well e géif ähnlech funktionéieren. "Mir hunn eis gesot, datt dat elo d'Geleeënheet ass, fir zesummen deen Challenge unzegoen. Dann ass och automatesch ee ganz anere Skaleneffekt ze hunn, wéi wa mir elo reng um Lëtzebuerger Niveau géifen evoluéieren."

Software-Entwéckler gesicht

Trotz der limitéierter Gréisst vum Marché ass Lëtzebuerg dem Raoul Mühlheims no ee gutt Ëmfeld, fir Entreprisen, déi Finanz-Technologien entwéckelen. 2012 hätt Digicash Investisseure fonnt, déi bereet waren, deen néidege Risiko anzegoen, fir de Produit op de Marché ze bréngen.

De gesetzleche Kader wier hei am Land och gutt, mä et hätt ee beim Rekrutement vu Software-Entwéckler Schwieregkeete gehat, esou de Raoul Mülheims. Informatikspezialiste géifen éischter d'Stabilitéit sichen an net de Risiko, och wa si bei engem Succès kéinten iwwerproportional, en Plus vun hirem Salaire, Deel huelen. Et wier awer éischter d'Minoritéit, déi bereet wier, an déi Richtung ze goen.

Ausbilden oder auslageren?

Beim Rekrutement vu Software-Entwéckler gesäit och de Jean Diederich Schwieregkeeten: "An der Groussregioun sinn der net méi souvill disponibel. An Europa ass natierlech och eng immens Konkurrenz, well Entwéckler an technesch Spezialiste gebraucht ginn."

Da kéim natierlech d'Fro, wéi ee Personal aus Drëtt-Länner kéint rekrutéieren: "Do kënnt dann déi ganz Geschicht mat den Aarbechtsautorisatiounen an et ass net einfach, fir Leit unzezéien, virun allem Jonker."

D'Unzéie vun auslännesche Software-Entwéckler, d'Ausbilde vu Programmateuren a Lëtzebuerger Schoulen an Outsourcing vun der Software-Entwécklung wieren dräi Modeller, déi fir Lëtzebuerger Fintech-Entreprisë kéinte Sënn maachen, esou de Nasir Zubairi. De Jean Diederich plädéiert sengersäits awer dofir, fir déi néideg Programmateuren hei zu Lëtzebuerg auszebilden, amplaz dës Aarbechtsplazen auszelageren.