Chômage Duerch eng Aarbechtszäitverkierzung kéint de Chômage zeréckgoen

Duerch eng Aarbechtszäitverkierzung kéint och de Chômage zeréckgoen, esou d'Virstellung vum Aarbechtsminister Georges Engel. Säi Ministère hat am Summer beim Fuerschungsinstitut LISER (Luxembourg Institute of Socio-Economic Research) eng Etüd zur Fro vun enger Verkierzung vun der Aarbechtszäit an Optrag ginn. D'Resultater dovu sollen am Abrëll presentéiert ginn, also ronn sechs Méint virun de Chamberwalen.

Serge Kesseler / ll

Georges Engel

Lauschteren


"Si schaffen nach ëmmer ganz äifreg drun", seet de Georges Engel. D'Fuerscherin beim LISER ass de Moment am gaangen, de Rapport zu dëser Etüd ze schreiwen, heescht et vum Institut.

Analyse iwwer d'Aarbechtszäitverkierzung

D'Etüd soll d'Effekter vun enger Aarbechtszäitverkierzung an deene Länner analyséieren, déi esou ee Schrack gemaach hunn, grad wéi d'Effekter vun esou enger Mesure am lëtzebuergesche Kontext.

Wat bei der Analys eraus kënnt, a wat d'Konsequenzen dovu sinn, dat wier nach "à déterminer", erkläert zu dësem Zäitpunkt den Aarbechtsminister.

"Wann elo scho getitelt gëtt den Aarbechtsminister Engel ass fir d'38-Stonne-Woch oder fir d'36-Stonne-Woch. Anerer déi soen. 'Mir hätte gären 32-Stonne-Woch', da kann ee sech doriwwer ganz vill ausloossen, mee dat hunn ech ni reellement gesot."

Digitaliséierung bréngt Zäitgewënn

De Georges Engel erënnert drun, datt hien eng Etüd zu de Virdeeler an Nodeeler vun der Aarbechtszäitreduktioun an Optrag ginn hätt. Hie betount, datt de Ministère perséinlech gesot hätt, datt ee sech eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit virstelle kéint.

Duerch d'Digitaliséierung géif et awer een Zäitgewënn ginn, sot de Minister, dee sech dobäi och d'Fro stellt, ob eventuell Produktiouns- an Zäitgewënner net op déi schaffend Leit sollten zeréckfalen.

Géif eng Reduktioun vun der Wochenaarbechtszäit och dozou féieren, datt d'Zuel vun den Aarbechtslosen erof geet? De Georges Engel kéint sech gutt virstellen, wa méi Aarbechtsplaze geschaaft géife ginn, d'Zuel vun den Aarbechtslosen och kéint erof goen.

Méi zum Thema

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen