Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paulette Lenert: Et ass "Fakt" datt een nach net do ass, wou ee well sinn

Zougang zu Mammographien, IRM'en oder Scanneren

Paulette Lenert: Et ass "Fakt" datt een nach net do ass, wou ee well sinn

D'Garantie vun engem séieren a gläichberechtegten Zougang zu medezinesche Billerdiagnose wéi Mammographie, IRM oder Scanner: dat hat déi ëffentlech Petitioun gefuerdert, iwwer déi an den zoustännege Chamberkommissiounen diskutéiert gouf. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet och zouginn, datt et Problemer an Erausfuerderungen ginn.

auto_stories

2 min

D'Equipementer wéi IRM-Apparater wieren zanter 2018 quasi verduebelt ginn, esou d'Gesondheetsministesch. (Foto: Bigstock / VILevi)

Lauschterenplay_arrow


D'Petitionärin Isabelle Faber huet vun hirer Erfarung mat laange Waardezäite geschwat. Vun 18 Méint bei enger Mammographie. Dat hat d'Petitionärin selwer Enn 2022 am CHL gesot kritt

Kënnt et zu enger Zwouklassemedezin?

Si géif den aktuelle System net verstoen, och well d'Patiente kee Matsproocherecht hätten, huet d'Isabelle Faber an der Chamber kritiséiert.

"Wiem seng Verantwortung ass et wann ee Patient x Méint waarde muss, op säi Rendezvous an der Imagerie médicale. An den Dokter ebe feststelle muss, datt säi Patient dem Dout geweit ass, hien net méi gesond gëtt oder ee schwéiert Traitement mat all senge bekannte Konsequenzen hätt kéinten evitéiert ginn, wann de Patient éischter Rendezvous an der Imagerie médicales kritt hätt."

D'Petitionärin huet och kritiséiert, datt et eng Zwouklassemedezin géif ginn: wéinst de laange Waardezäite géife ganz vill Leit fir ee Rendezvous an d'Ausland goen a selwer Sue bäileeën.

Een neie System fir d'Rendezvouse soll kommen

D'Equipementer wéi IRM-Apparater wieren zanter 2018 quasi verduebelt ginn, esou d'Gesondheetsministesch. D'Paulette Lenert huet awer zouginn, datt et Problemer an Erausfuerderungen an dësem Beräich ginn.

"Et ass einfach ee Fakt, datt mir net do sinn, wou mir wëlle sinn."

D'Ministesch huet awer och ugekënnegt, datt de System fir Rendezvousen ze froen, soll zentraliséiert ginn.

"Do schaffe mir ganz konstruktiv zesumme mat de Spideeler fir ee System ze kréien, datt een eng Ulafstell hätt."

Zäitno soll et méiglech ginn, och samschdes moies Rendezvouse fir medezinesch Billerdiagnose ze huelen, hofft d'Paulette Lenert.

Virschléi a méiglech Piste ginn elo analyséiert

Als Conclusioun gouf festgehalen, datt d'Chamber analyséiere léist, wéi laang d'Waardezäiten effektiv sinn, a bei wéi enge Kriibszorten et méi schlëmm ass, esou d'Presidentin vun der Petitiounskommissioun Nancy Kemp-Arendt.

Donieft sollen déi zoustänneg Chamberkommissioune sech viru mam Thema beschäftegen.

Alleguer déi Noriichten, déi d'Gesondheetsministesch annoncéiert huet, solle gekuckt ginn. Ausserdeem soll awer gekuckt ginn, a wéi wäit aner Piste realisabel sinn, déi vun de Petitionäre virgeschloe gi sinn.

D'Ëffentlechkeet soll dann iwwer déi geplangte Verbesserungen informéiert ginn, esou nach d'Nancy Kemp-Arendt.