Reaktioun op de Luc Frieden Fred Keup: "Wann ee vun Extremer schwätzt, dann zielt d'ADR net dozou"

Op méiglech Zesummenaarbechten no de Chamberwalen ugeschwat, huet de Luc Frieden gesot, et wier schwiereg Koalitioune mat den - Zitat - "Extremer vu riets a lénks" ze envisagéieren. Als Reaktioun dorop mengt de Fred Keup, datt d'CSV d'Méiglechkeet hätt an eng Regierung ze kommen, wann si oppe wiere fir eng Koalitioun mat der ADR wieren. De Fred Keup hat schonn d'lescht Woch hei um Radio 100,7 gesot, seng Partei hätt am meeschte Beréierungspunkte mat der CSV.

Serge Kesseler / jod

Fred Keup
De Fred Keup ass President vun der ADR.

"Wann ee vun Extremer schwätzt, dann zielt d'ADR net dozou, an den Här Frieden huet dat jo och net gesot", esou d'Reaktioun vum ADR-Parteipresident Fred Keup op d'Aussoe vum designéierte CSV-Spëtzekandidat de Moien hei um Radio 100,7.

"Den Här Frieden huet gesot, eng Koalitioun mat der ADR wier schwiereg. Schwiereg heescht méiglech. A méiglech ass also fir eis eng ganz positiv Saach an ech mengen och fir d'CSV. Well d'CSV muss ganz genee wëssen ob se dat wëlle widderhuele, wat se viru fënnef Joer haten, wou se gesot hunn, si géifen eng Koalitioun mat der ADR ausschléissen a se och doduerch d'Wale verluer hunn. Oder ob se wëllen op sinn, och fir eng ADR. A wa se op si fir eng ADR, dann hu si d'Méiglechkeet an eng Regierung ze kommen, och mat enger ADR. A wa se dat net maachen, da lande se duerno - wéi 2018 - zesumme mat der ADR an der Oppositioun."

Fred Keup: ADR huet meescht Beréierungspunkte mat der CSV

Esou d'Warnung vum Fred Keup un d'Adress vum Luc Frieden. Wann - Zitat - "Gambia" bei de Walen am Oktober 31 Sëtz kréich, da wäerte si weider maachen, ouni d'CSV an ouni den Här Frieden, ënnersträicht de President vun der Alternativ Demokratescher Reformpartei.

De Fred Keup hat schonn d'lescht Woch hei um Radio 100,7 gesot, seng Partei hätt am meeschte Beréierungspunkte mat der CSV.

Méi zum Thema

Luc Frieden
Chamberwalen

Seng Ambitioun wier et, datt d'CSV stäerkst Partei bleift an nees an d'Regierung kënnt, sou de Luc Frieden. Wann d'CSV et net an d'Regierung packe géif, géif hie 5 Joer an der Chamber bleiwen, sou den designéierten CSV-Spëtzekandidat.

Fred Keup
Chamberwalen 2023

De Fred Keup seet, seng Partei kéint sech duerchaus virstellen sech un enger Regierung ze bedeelegen. "Vläicht esouguer dëst Joer schonn", esou den ADR-President am 100,7-Interview.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen