Ännerungen Pensiounen: Minister schléisst Ännerungen net aus
Duerch déi aktuell Corona-Kris kéinten d'Pensioune geschwë manner un d'Liewenskäschten ugepasst ginn. Fir dat ze verhënnere fuerdert den OGBL, datt déi gesetzlech Reegelungen ugepasst ginn. De Minister vun der Securité Sociale Romain Schneider schléisst esou eng Ännerung net aus.
De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschteren
De Romain Schneider schléisst et net aus, datt d'Regierung déi gesetzlech Reegelung ronderëm d'Ajustementer fir d'Pensiounen kéint änneren. Den OGBL hat dat gefuerdert am Fall, wou d'prime de répartition pure iwwer 24 Prozent klëmmt an deemno d'Pensiounen dem Gesetz no just nach zu 50 Prozent un d'Liewenskäschten ugepasst ginn.
Fir datt d'Ajustementer bei de Pensiounen all Joers ganz ausbezuelt ginn, dierf déi sougenannte prime de répartition pure, also den taux d'equilibre tëschent de Recetten an den Depensë vum Pensiounsregimm maximal 24 Prozent erreechen, seet de Carlos Pereira vum OGBL.
"Wann déi 24 Prozent net duerginn, da si mir an der Situatioun, datt eng vun de Mesuren, déi elo schonn am Gesetz fixéiert ass, datt d'Pensioune just nach zu 50 Prozent un d'Liewenskäschten ugepasst ginn."
Ofwaarden op d'Analys vun der IGSS
Donieft géif d'Gefor bestoen, datt d'Cotisatioune géifen eropgesat ginn, esou nach de Carlos Pereira. D'Previsioune géifen elo scho fir d'Joer 2021 en Taux vun 23,7 Prozent viraussoen, erkläert de Romain Schneider. Fir d'Joer 2022 misst een op d'Analys vun der IGSS waarden.
Et misst ee wëssen, wéi d'Situatioun um Aarbechtsmaart sech weider wäert entwéckelen, wéi een Impakt dat op d'Primm huet, a wéi eng Mesuren een da muss huelen.
Den OGBL fuerdert, datt dës Reegelung elo scho misst ausgesat ginn. "An et dierf een net vergiessen, datt och déi al Leit mussen hir Kafkraaft verbesseren", esou de Carlos Pereira.
De Romain Schneider schléisst dat net aus, mee et misst een an der Regierung diskutéieren, wann de Moment do wier.