Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pensiounsfong: 41,5 Milliounen Euro a russesch Titren investéiert

Finanzmarché

Pensiounsfong: 41,5 Milliounen Euro a russesch Titren investéiert

De Lëtzebuerger Fonds de compensation geréiert d'Pensiounsreserven an investéiert dofir och aktiv um Finanzmarché. Kritik gouf et an der Vergaangenheet wéinst Investissementer an Entreprisen, déi Waffen, Tubak oder Pëtrol produzéieren. Lo sti russesch Entreprisen am Fokus, déi ënner d'Sanktioune falen.

auto_stories

1 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / LookerStudio

Lauschterenplay_arrow

Insgesamt sinn eng 20 russesch Titren am Fong enthalen, dovunner maache staatlech russesch Scholdschäiner 55 Prozent vum gesamte russesche Kapital aus.

De gesamte Volume vu russeschen Titren am Fonds de compensation beleeft sech op 41,5 Milliounen Euro, sou de President vum Fong, dem Alain Reuter, op Nofro hin.

Laut sengen Aussoe mécht dat grad emol 0,18 Prozent vum Gesamtvolume aus. Op den 31. Dezember 2021 louch de Volume nach bei 90 Milliounen, bannent zwee Méint ass en also ëm d'Hallschent erof gaangen. Dat léich awer net eleng un de Sanktiounen, heescht et. Den Undeel u russeschen Aktien a Staatsemprunte wier souwisou ëmmer nëmme marginal gewiescht.

De gréissten Invest representéiere Gazprom mat 5,5 Milliounen Euro, Lukoil mat 3,2 Milliounen a Sberbank mat 2 Milliounen.

Wéinst der Faillite vu Sberbank sinn déi Parte wuel souwisou ganz verluer, ze notéieren och datt mat Gazprom, dem staatlechen Diamantekonzern Alrosa, der Sberbank, der russescher Eisebunn an der VTB Bank och an Entreprisen investéiert gouf déi sanktionéiert gi sinn, sief et vun den USA oder der EU.

Alrosa gëtt ënner anerem vum Sergej Ivanov geleet, e russeschen Oligarch, géint deen d'EU perséinlech Sanktiounen ausgeschwat huet.