Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Perquisitioun am Ëmweltministère

Affär Traversini

Perquisitioun am Ëmweltministère

No de Perquisitiounen den 20. September an der Déifferdenger Gemeng a beim CIGL Déifferdeng huet d'Police Judiciaire eisen Informatiounen no haut eng Hausdurchsuchung am Ëmweltministère gemaach.

auto_stories

1 min

De Justizspriecher Henri Eippers huet d'Perquisitioun op Nofro hi confirméiert. Am Laf vum Moie wiere verschidden Dokumenter saiséiert ginn.

Hannergrond ass d'Affär ronderëm de Roberto Traversini. De Parquet enquêtéiert zanter dem 18. September géint de fréiere gréngen Député-Maire a géint Onbekannt, ënner anerem wéinst:

  • Détournement de deniers publics ou privés (Artikel 240 vum Code pénal)
  • Prise illégale d'intérêts (Artikel 245 vum Code pénal)
  • Blanchiment (Artikel 506-1 vum Code pénal)
  • Verstouss géint den Artikel 107 vum Gesetz vun 2004 iwwer den Aménagement communal