Radioen

On air

Notturno  |  Friendship - Ugly Little Victory

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Perquisitioune bei der Police

Enquête

Perquisitioune bei der Police

Wéi de Parquet haut matdeelt, goufe bei der Generaldirektioun vun der Police a bei der Regionaldirektioun aus dem Norde Perquisitioune vun der Inspection générale gemaach.

auto_stories

1 min

Dat am Kader vun enger Enquête géint den Direkter vun der Regioun Norde bei der Police, de Bob Leesch. Am Raum stéinge Virwërf vu Prise illégale d'intérêt a fraude informatique, heescht et am Schreiwes vum Parquet.

Et gëtt weider betount, datt d'Présomption d'innoncence gëllt, bis en Urteel gesprach ass. Méi konkret Informatioune ginn et bis ewell nach net.