Radioen

On air

Notturno  |  Donny McCaslin - No Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Personal am Gesondheetswiesen: grouss Ofhängegkeet vum Ausland

Gesondheetssecteur

Personal am Gesondheetswiesen: grouss Ofhängegkeet vum Ausland

Fir d'Gesondheetswiese soll méi Personal hei am Land ausgebilt ginn. Dat war eng Feststellung vu ville Riedner den Dënschdeg an der Chamber. Sujet war eng Interpellatioun vum CSV-Deputéierte Marc Spautz, an där et ënner anerem ëm d'Personal-Entwécklung am Santés-Secteur gaangen ass. Eng Interpellatioun, déi scho Mëtt Januar, also scho virun der Corona-Pandemie ugefrot gi war.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / Dragostea

De Lëtzebuerger Gesondheetssystem soll seng héichwäerteg Qualitéit behalen, huet de Marc Spautz an der Chamber ënnerstrach. Et wier gewosst, datt de Secteur mat Lëtzebuerger Residenten eleng net kéint um Liewe gehale ginn an dofir misst ee sech elo déi néideg Froe stellen, wéi een de Beruff méi attraktiv kéint maachen.

Och wann dat géif geléngen, da wier et illusoresch ze mengen, datt een et ouni d'Frontaliere géif packen, esou den CSV-Deputéierten.

"Mir hunn eng extrem Fragilitéit"

Vun engem demographesche Probleem huet d'Gesondheetsministerin an der Interpellatioun geschwat. D'Populatioun géif wuessen a si géif méi al ginn, huet d'Paulette Lenert erkläert. "Vun der Selbstversuergung si mer ganz wäit ewech. Mir hunn eng extrem Fragilitéit", sou d'Gesondheetsministesch.

Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d'Zuel genannt, datt am Joer 2050 24 Prozent vun der Populatioun méi wéi 65 Joer dierften hunn. Zousätzlech Personal fir de Gesondheets- a Fleegesecteur wier deemno néideg. Et géif awer net just ëm méi héich Paie goen, mee och ëm méi Respekt, sou den DP-Deputéierten.

Konsens: Méi Personal zu Lëtzebuerg ausbilden

Dee gréisste Problem wier de Personalmangel, dee géif wuessen, wann net géif géigegesteiert ginn, huet d'LSAP-Deputéiert Francine Closener betount. Bis elo géif dëse Mangel duerch e massive Rekrutement vu Leit aus dem Ausland kompenséiert ginn. An Zukunft misst e méi Personal zu Lëtzebuerg selwer ausbilden, sou d'LSAP-Deputéiert.

Och de gréngen Deputéierte Marc Hansen huet den ëmmer méi grousse Personalmangel als ee vun de Probleemer genannt, grad wéi d'Ofhängegkeet vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem vun de Grenzgänger.

"Déi eis an der Kris bal zum Verhängnes gi war. Et ass manner d'Bezuelung de Problem. [...] Mee dëse Virdeel kéint net méi decisiv si wann, wéi dat och schonn ugekënnegt ginn ass, d'Nopeschregiounen hirem Gesondheetspersonal méi héich Salairë géife bezuelen."

Déi Lénk fuerdere méi attraktiv Aarbechtsconditiounen

Op Säite vun der Oppositioun huet de lénken Deputéierte Marc Baum kritiséiert, datt et fir Lëtzebuerg immens gënschteg wier, Personal aus den Nopeschlänner ze rekrutéieren. Wann e méi wéilt selwer ausbilden a méi an de Secteur wéilt investéieren, da géif dat iwwer verschidde Weeër goen. Et misst een d'Beruffsbild an d'Aarbechtsconditioune méi attraktiv maachen an et misst een d'Carrièren opwäerten.

Et misste méi Absolventen hei am Land ausbilt ginn, huet och den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement verlaangt. Dat wier net nëmmen am Interesse vu Lëtzebuerg, mee och vun der Groussregioun. Well "all eenzelen Employé, deen aus der Groussregioun op Lëtzebuerg schaffe kënnt, dee feelt natierlech a sengem respektiven Duerf a senger respektiver Stad", sou den Deputéierte vun der Piratepartei.