An all Société Anonyme bei där de Staat iwwer 25 Prozent vun de Parten huet, muss d'Personal am Verwaltungsrot vertruede sinn. Esou heescht et am Code du Travail. Datt dat dacks net respektéiert gëtt, hat de radio 100,7 gemellt. D'Piratepartei hat doropshin eng parlamentaresch Fro gestallt. An hirer Äntwert confirméieren de Finanzminister Pierre Gramegna an den Aarbechtsminister Dan Kersch eis Meldung.
D'Regierung muss d'Entreprisen, déi d'Krittären erfëllen, an engem groussherzoglechen Arrêté festhalen: Op där Lëscht stinn d'Luxair, Luxairport, d'Cegedel (déi no enger Fusioun 2009 Creos heescht an elo zum Grupp Encevo gehéiert), d'SES an d'CLT (haut: CLT-UFA).
Et feelen: 20 anonym Societéiten, bei deenen de Staat eegenen Angaben no méi wéi ee Véierels vun de Parten huet. Dorënner LuxConnect, Luxtrust a Luxtram.
Keng Reklamatiounen
D'Ministere präziséieren, datt dräi vun dësen Entreprisen trotzdem een oder méi Personalvertrieder an hirem Verwaltungsrot hunn, nämlech BGL BNP Paribas, Encevo an d'Agence Luxembourgeoise de Sécurité Aérienne.
De Ministeren no wiere "keng Reklamatiounen zu dësem Punkt agaangen, weder vu Gewerkschaftssäit nach vun den Delegatiounen aus deene betraffene Betriber".
Kee Kommentar zu méigleche Konsequenzen
Wann elo no de Sozialwahlen déi nei Personaldelegatiounen en place sinn, wëllt den Aarbechtsministère déi betraffe Gesellschaften op d'Bestëmmunge vum Code du Travail hiweisen, heescht et nach an der Äntwert.
Et stellt sech d'Fro, wat de Ministère mécht, wann d'Entreprisë sech trotzdem net drun halen an ob geplangt ass fir den Arrêté ze ergänzen. Dozou wollt den Aarbechtsministère sech op eis Nofro hin net äusseren.