Ënner anerem och géint e Sécherheetsaccord mat der NATO, esou d'Representation du personnel vum Srel an hirem Communiqué. De Gesetzesprojet vum Premier Xavier Bettel ass zanter fënnef Joer um Instanzewee, awer nach net gestëmmt.
E reegelt den Accès zu de classifiéierten Dokumenter an och d'Sécherteetsenquêten iwwer d'Persounen, déi Accès op classifiéiert Dokumenter brauchen. D'Personaldelegatioun vum Srel bedauert, datt d'Srel-Direktioun virun dräi Joer refuséiert hätt nach weider mat der Delegatioun iwwer de Gesetzesprojet ze schwätzen.
Communiqué concernant la réforme du régime de la protection des pièces classifiées: https://t.co/geABrmNdGL
- RP SREL (@SREL_RP) February 8, 2021
Weider gëtt kritiséiert, datt de Srel fir d'Sécherheetsenquêtë schonn zanter fënnef Joer keen Accès méi op d'Brutto-Informatiounen a verschiddene Policefichieren hätt. Deemno wieren déi Enquêten zanter 2016 net méi wierklech fundéiert.
Dat kéint fir auslännesch Partner e Vertrauensbroch sinn, esou d'Personalvertriedung, déi hofft, datt d'Regierung en neie Gesetzesprojet ausschafft an datt dobäi op Experten zréckgegraff gëtt déi Erfarung an dësem Beräich hunn.