Radioen

On air

Notturno  |  404 Guild - The Evening Star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Persoune mat geeschteger Behënnerung op Wunnengssich

Inclusioun

Persoune mat geeschteger Behënnerung op Wunnengssich

Vill Mënsche mat enger geeschteger Behënnerung hunn de Wonsch no méi Autonomie. D'Liewen am Foyer oder an enger Wunngemeinschaft huet Aschränkungen. Mat där néideger Ënnerstëtzung kann den Dram vun der eegener Wunneng Realitéit ginn.

auto_stories

3 min

De Steve wunnt eleng an enger Wunneng zu Bouneweg, déi hie vun der Ligue luxembourgeoise pour le secours aux enfants, aux adolescents et aux adultes mentalement ou cérébralement handicapés vermëttelt krut. Virdru war de jonke Lëtzebuerger an enger Wunngemeinschaft zu Beggen

Dem Steve gefält et elo besser. Him war et wichteg, eleng ze wunnen. Virun allem, well säi Jong da bei him kéint iwwernuechten. Am Foyer war dat net méiglech.

Op der Waardelëscht

E bësse méi wéi ee Joer huet de Steve op seng nei Wunneng gewaart. Fir eng Wunneng eleng ze kréien, musse Leit mat enger geeschteger Behënnerung fir d'éischt eng Demande un de Service d'Admission vun der Ligue HMC maachen, seet de Coordinateur aus der Struktur vum Accueil et Hebergement Claude Reuter. Ob d'Ligue HMC den néidegen Encadrement ubidde kann, hänkt vun der Situatioun vun der geeschteg behënnerter Persoun of. "Wann zum Beispill eng Persoun vill Fleeg brauch, dat kënne mir an deem Fall net bidden." D'Ënnerstëtzung duerch d'edukativt Personal hätt gewëss Limitten, wat speziell physesch Besoinen ugeet.

D'Ligue HMC bitt Persoune mat enger geeschteger Behënnerung d'Méiglechkeet a Wunngemeinschaften oder Foyeren ze wunnen. D'Bewunner kréie jee no Bedarf méi oder manner gehollef, seet de Claude Reuter. An den Haiser, wou d'Bewunner 24 Stonnen op 24 betreit ginn, wier d'Waardezäit méi laang. Et géif ee mat anere Servicer zesummeschaffen. "Wa mir keng Plaz hunn, da kucke mir scho mat aneren Institutiounen, fir d'Leit ënnerzekréien."

De Wonsch no Autonomie

Déi aner dräi Haiser si semi-autonom. Dat heescht, d'Bewunner gi manner staark betreit. Hei géif et dacks e Roulement ginn, seet de Claude Reuter.

Donieft gëtt et och nach den SAS (Service d'accompagnement et de suivi), op deen och de Steve op senger Wunnengssich zréckgegraff huet, seet d'Directrice vun der Struktur Accueil et Hebergement vun der Ligue HMC, d'Claudine Nosbusch. Verschidde Leit wiere Proprietaire vun hirer Wunneng. Déi, déi eng Wunneng um normale Marché géife sichen, hätten et net einfach. "Well meeschtens d'Leit och keng sou eng déck Pai hunn", seet d'Claudine Nosbusch.

D'Ligue HMC géif Haiser a Wunnenge renovéieren an zu engem abordabele Präis weider verlounen, seet d'Claudine Nosbusch. An der Stad Lëtzebuerg schafft d'Ligue och mam Fond du Logement zesummen. Et géif ee sech awer nach méi Zesummenaarbecht mat den eenzele Gemenge wënschen. "Mir sinn ëmmer frou, wa mir nei Wunnengen ugebuede kréien. Vill Leit hunn de Wonsch, fir net éiweg an engem Foyer oder an enger Wunngemeinschaft ze wunnen."

Zesumme laachen

Ongeféier siwe Leit wunnen an esou Wunngemeinschaften zesummen. Jidderee muss op deen anere Récksiicht huelen, seet de Steve. Et géif ee sech seng Matbewunner och net eraussichen an et wier ee sech och net ëmmer eens. Dat Wichtegst wier, datt een zesumme laache kéint. Akafe goen, Kachen oder Spullen; d'Bewunner hu spezifesch Tâchen, un déi si sech mussen halen. An all Woch géif gewiesselt ginn, seet de Steve.

D'Educateure missten dofir suergen, datt an den Haiser eng gutt Ambiance ass, sou d'Claudine Nosbusch. "Dat heescht awer och, datt ee muss kucken, datt d'Organisatioun klappt."

Fir de Steve war d'Liewen an der Wunngemeinschaft eng spannend, wann och heiansdo ustrengend Zäit. Mä hien hätt sech ëmmer doheem gefillt. No e bësse méi wéi zwee Joer huet de jonke Lëtzebuerger mat der Hëllef vun der LIgue HMC en neit Doheem fonnt. Am Léifste wéilt hie fir ëmmer do wunne bleiwen.