De Jacques Dahm, e Schoulmeeschter huet Petitioun lancéiert. D'Schoulpersonal um Terrain wéisst net, wat fir Reformen op si duerkomme géifen. D'Informatiounspolitik vum Educatiounsministère wier net gutt.
"Ëmmer méi Problemer an der Schoul"
D'Kanner hätten ëmmer méi Problemer mat de Sproochen an der Schoul an Niveausënnerscheeder géinge wuessen. Dowéinst huet de Schoulmeeschter eng Partie Fuerderungen opgestallt. Allgemeng soll kee Franséisch an de Crèche respektiv am Cycle 1 agefouert ginn. D'Kanner géinge soss duerchernee bruecht ginn. "Do ginn et elo net onbedéngt Etuden, déi dat beweisen. Mir musse vergläiche mat deem, wat mer a Lëtzebuerg kennen," esou de Jacques Dahm. Dat Lëtzebuergescht wier relativ no um Däitschen, da wier et logesch, d'Kanner op e Lëtzebuerger oder en däitsche gemeinsamen Nenner ze bréngen.
"Net dee richtege Fokus gesat"
De Fernand Fehlen, fréieren Enseignant a Chercheur op der Uni Lëtzebuerg mengt, d'Petitioun géing de Fokus op d'Sproochen, amplaz op d'Methode leeën. "D'Fro ass net, welch Sprooch ee léiert, mä d'Fro misst sinn, wéi een dës Sprooch léiert." D'Petitioun géing sech op eppes fokaliséieren, dat dem Fernand Fehlen no niewesächlech ass. "Wann een als klengt Kand an engem zweesproochege Kontext opwiisst, léiert ee selbstverständlech déi zwou Sproochen." Et misst een also esou fréi wéi méiglech e Kontext schafen, an deem d'Kanner mat de Sprooche kënne konfrontéiert ginn, déi fir si relevant si fir d'Gesellschaft.
Keng Verbesserung vun der Sproochesituatioun
D'Petitiounen géint d'Reformvirschléi géingen näischt un der komplizéierter Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg verbesseren. D'Reformvirschléi vum Ministère géingen op d'mannst an hirem Geescht an déi richteg Richtung goen, esou de Fernand Fehlen.
Methode musse geännert ginn
Den Auteur vun der Petitioun gëtt dem Fernand Fehlen dann och Recht, datt de Fokus vun der Petitioun falsch léich. "An Zukunft musse ganz sécher d'Methode geännert ginn. Wann een awer elo vu klengem un nach eng weider Sprooch dobäi muss léieren, dann ännert een näischt un de Methoden."
Der Chamberspetitioun feelen den Ament nach eng 300 Ënnerschrëften, bis se am Parlament thematiséiert gëtt.