Säin "Duerchbroch" huet de Philippe Ernzer de 6. Juli 2014 gehat, wéi hie mat e puer Stonne Virlaf en zolidd Donnerwieder am Raum Ettelbréck virausgesot huet. Seng Warnung huet deemools 260.000 Leit erreecht. D'Donnerwieder ass och komm an huet ënner anerem op der Foire agricole, déi dee Weekend war, vill Schued gemaach.
De Philippe Ernzer gëtt zou, datt bei senger Prognos e bësse Chance derbäi war: deemools wier d'Wiederfront effektiv genee esou verlaf, wéi hien et virausgesot hat. Beim Rock-a-Field 2015 wier eng ähnlech Wiederlag gewiescht. Och deemools hätt hien eng Warnung erausginn. Mee do wier d'Wieder esou just laanscht Lëtzebuerg gezunn.
D'Meteorologie ass en zäitintensiven Hobby: "Wa wierklech guer näischt lass ass, sinn et dräi, véier Stonnen", seet de Philippe Ernzer. Bei méi exzeptionelle Wiederconditioune kéinten et der awer och zéng bis zwielef gi fir seng Prognosen ze maachen, seng Artikelen ze schreiwen an op d'Froe vu senge Facebook-Frënn ze äntweren: "Heiansdo sinn et der méi wéi 100 den Dag."
De Philippe Ernzer hofft, eventuell enges Daags vu senger Aktivitéit mat meteoboulaide kënnen ze liewen.