Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Philippe Meyers ass neie President vum SIGI

Informatik Syndikat

Philippe Meyers ass neie President vum SIGI

De Philippe Meyers iwwerhëlt de Presidenteposte vum Yves Wengler. Den Iechternacher Buergermeeschter war am Mäerz zréck getrueden, nodeems am Kader vun enger externer Evaluatioun Dysfonctionnementer bei der Personal- a Finanzgestioun vum Syndikat festgestallt goufen.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

No de Gemengewalen am Juni gëtt de Virstand vum SIGI nei gewielt ginn. De Philippe Meyers, ass sech bewosst, datt him als President bis dohinner net vill Zäit bleift fir grouss Reformen.

Et wier lo Urgence fir Saachen ze änneren an och ze kucke wat een a kuerzer Zäit kéint ëmsetzen. De Philippe Meyers ënnersträicht, datt si d'Gemengen ëm Gedold bieden, well een net vun haut op muer alles ännere kéint.

Vize-President krut d'Vertrauen entzunn

E Méindeg krut iwwerdeems de Vize-President vum SIGI, den Nico Jacobs, d'Vertrauen entzunn. Hie kritt reprochéiert fir d'Mëssstänn beim Syndikat mat responsabel ze sinn. Am 100,7-Interview hat den Nico Jacobs rezent eng Demissioun ausgeschloss.

Ob et dann zu enger Disziplinarprozedur géint den Direkter vum SIGI kënnt, muss nach gekläert ginn. Kloer wier awer, datt de Carlo Gambucci egal wéi net méi zréck schaffe kënnt, sot eis de Philippe Meyers op Nofro hin. Aktuell ass den Direkter am Krankeschäin an eng Demande fir an d'Pensioun läit vir.

Juristesch Suitte sinn, datt de Syndikat Elementer aus den Auditten un d'Justiz weider leet, bei deenen et ënnert anerem ëm Reprochë vu sexuellem Harcèlement geet. Géint wie sech d'Reprochen adresséieren, ass net bekannt.