Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  This Is The Kit - More Change

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Noutwennegkeet vu Biergerbedeelegung

Verfassungsreform

D'Noutwennegkeet vu Biergerbedeelegung

D'Campagne fir e Verfassungsreferendum däerf net fir elektoral Zwecker politiséiert ginn. Dat ass eng Konklusioun vun der Etude "Constitulux" vun der Uni.lu, un där de Politolog Philippe Poirier bedeelegt war. Während zwee Deeg hate 60 Lëtzebuerger a Biergerforen iwwert Verfassungsreform diskutéiert.

auto_stories

4 min

De Politolog Philippe Poirier ass fir d'Etude Constitulux responsabel

Den 2. an 9. Juli 2016 hu 60 Bierger, déi am Virfeld vun TNS-Ilres ausgewielt gi waren, iwwer d'Reform vun der Verfassung diskutéiert. A fënnef Diskussiounsgruppen ass iwwert déi verschidden Artikele vun der geplangter neier Verfassung Rieds gaangen. Den Debat gouf strukturéiert a moderéiert vun der "Chaire de recherche en études parlementaires" vun der Uni Lëtzebuerg. D'Etude huet 55.000 Euro kascht, an d'Leit déi matgemaach hunn, kruten 200 Euro pro Persoun.

Dem Philippe Poirier, Responsabele vun der Etude "Constitulux" no, wier e Grupp vu 60 Persoune statistesch net representativ. An engem Exercice vu "deliberativer Demokratie" géing dat och net zielen. De Politolog seet, wichteg wär d'Originalitéit an d'Qualitéit vun der Zesummesetzung vun de Gruppen, wat bei dëser Etude de Fall wär. Et hätt een et net mat engem Sondage iwwert d'Verfassung ze dinn, mee mat engem Austausch vu Bierger zu denen eenzele proposéierte Verfassungsartikelen.

D'Etude kënnt zur Konklusioun, datt d'Bierger mat der Majoritéit vun den Artikelen an der geplangter neier Verfassung averstane sinn.

Monarchie a Citoyennetéit

D'Propose vu Bierger déi bei der Etude matgemaach hunn, sinn deels an de Verfassungstext agefloss, deen aktuell vum Staatsrot aviséiert gëtt. Déi Upassungen betreffen dräi Beräicher, seet de Philippe Poirier:

  • verfassungsrechtlech Sujeten
  • Justiz
  • Sproochen, Nationalitéit a Citoyennetéit

Déi meescht divergent Diskussioune gouf et bei zwee Themen:

  • D'Roll vum Grand-Duc: d'Monarchie gouf net a Fro gestallt. Diskussiounspunkt war den Ausmooss vun der politescher Roll vum Staatschef. Eng grouss Majoritéit vun de Bierger wier zur Konklusioun komm, datt hie just nach eng "protokollaresch" Roll sollt spillen. All Form vu symbolescher Muecht fir de Grand-Duc ass net an der Verfassung erwënscht.
  • Nationalitéit, Citoyennetéit, Sprooch an Natioun: an den Diskussiounsgruppe wier erauskomm, datt et eng grouss Konfusioun gëtt bei de Bierger iwwert d'Bedeitung vun de verschiddene Konzepter. Si wiere sech bewosst, datt et hautdesdaags schwiereg ass d'Nationalitéit an d'Citoyennetéit kloer ze definéieren.

Citoyennetéit gëtt definéiert mat der Ausübung vu sozio-ekonomesche Rechter, op déi all Lëtzebuerger Residenten e Recht sollen hunn. Dat sollt och an d'Verfassung stoe kommen. Anerersäits géing fir en Deel vun de Bierger d'Nationalitéit konstitutionell Wäerter beinhalten. Derbäi wär et d'Suerg, datt (jenseits vu Sprooch a Kultur) d'Nationalitéit ze einfach kéint accordéiert ginn, ouni datt de Respekt fir de Rechtsstaat oder d'Justiz garantéiert wieren.

"D'Insel vum Lëtzebuerger Wirtschaftswonner"

Diskussiounsgruppe vun de Jonken a vun den Eeleren hätte vill Wäert op ee Verweis op Villsproochegkeet an der Verfassung geluecht. Am Diskussiounsgrupp vun de "mëttleren Akommes" an am "gemëschte Grupp" wier d'Meenung méi staark gewiescht, datt d'Lëtzebuergescht net genuch gefërdert gëtt. De Politolog Philippe Poirer iwwerrascht dat net.

Déi eeler Populatioun hätt eng méi oppe Bezéiung zum europäeschen Noper wéi d'Alterskategorie tëscht 40 a 50 Joer, déi hirersäits "d'Insel vum Lëtzebuerger Wirtschaftswonner" géinge kennen. Déi Jonk wäre méi fir d'Villsproochegkeet, well si duerch hir Studien an Europa gereest wären, a well d'Villsproochegkeet en Atout um Aarbechtsmaart ass.

Multilingual Alphabetiséierung

D'Diskussiounsgruppe sinn dofir, datt et eng Alphabetiséierung an den dräi offizielle Landessprooche soll ginn, am Kader vun der ëffentlecher Schoul. De Philippe Poirier seet sech iwwerrascht, datt d'Lëtzebuerger net un enger Alphabetiséierung op Däitsch festhalen. Gläichzäiteg ass et awer och d'Suerg, datt de Schoulsystem riskéiert auserneen ze falen. De Lëtzebuerger wär eng ëffentlech Schoul fir al Residente ganz wichteg.

Zu Lëtzebuerg wéi an anere Länner och, wier d'Bezéiung tëscht der Politik an den Institutiounen engersäits, an de Bierger anerersäits, net méi déi selwecht wéi fréier. A Biergerconsultatioune géing d'Politik aner Informatiounen iwwert déi ëffentlech Meenung kréien, wéi just iwwert Walen a Sondagen. Zum Philippe Poirier senger grousser Iwwerraschung hätten d'Bierger hir Bedeelegung un der "Constitulux"-Etude ganz eescht geholl. Si wäre gutt virbereet gewiescht, a wären interesséiert och an Zukunft un esou Biergerforen Deel ze huelen.

Wéi geet et weider?

Nom Referendum 2015 hätt d'Chamber verstanen, datt nei participativ Instrumenter néideg wären. D'Fraktiounscheffe wéilten och, datt d'Chaire vun de parlamentaresche Studien op der Uni, an Zukunft zu anere politesche Sujete Biergerforen organiséiert. Fir de Philippe Poirier bedeit dat, datt säi Service personell muss opgestockt ginn.

D'Bierger wëllen net, datt de Referendum iwwert d'Verfassungsreform am Kader vu Wahle politiséiert gëtt. "Gläichzäiteg wëllen d'Bierger awer e Referendum, an si wëllen e séier, esoubal den Text verstanen ass", seet de Philippe Poirier. Et wär un der Chamber fir eng Method ze fannen, fir sech eens ze ginn iwwert en Text un deem all d'Parteien zanter 2009 mat geschafft hunn.