Radioen

On air

Notturno  |  Richard Dawson - Jogging

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi kleng an déi grouss Geschicht

Politescht Buch

Déi kleng an déi grouss Geschicht

De Philippe Sands erzielt a "Retour à Lemberg" d'Geschicht vun zwee jüddesche Juristen, engem Nazi-Verbriecher a vu sengem Grousspapp. Den Zweete Weltkrich an eng Stad verknäppen hir Schicksaler. De Jurist an Expert am internationale Recht war den 10. Oktober op Invitatioun vum Max Planck Institut zu Lëtzebuerg. Am 100,7-Interview schwätzt hien iwwert säi Buch, d'aktuell Menacë fir d'internationaalt Recht, den internationale Strofgeriichtshaff an iwwert de Brexit.

auto_stories

5 min

De franséisch-britesche Jurist huet mat "Retour à Lemberg" ee Bestseller iwwert d'Entstoe vum modernen internationale Recht an der Suite vum Zweete Weltkrich geschriwwen. Hie portraitéiert déi zwee jüddesch Juristen Hersch Lauterpacht a Raphael Lemkin, déi mat hire Konzepter vum Verbrieche géint d'Mënschlechkeet a vum Genozid groussen Afloss op den Nürnberger Prozess géint d'Nazi-Krichsverbriecher geholl hunn.

Beliicht gëtt och den däitsche Jurist Hans Frank, perséinlechen Affekot vum Adolf Hitler a Generalgouverneur vum occupéierte Polen. An den Auteur erzielt d'Geschicht vu sengem Grousspapp, dem Leon Buchholz, deen zu Lemberg gebuer gouf an als Judd virun den Nazien op Paräis geflücht ass. Ee groussen Deel vu senger Famill ass am Zweete Weltkrich ermort ginn - eppes wouriwwer de Leon Buchholz spéider ni geschwat huet.

Detektivaarbecht

Fir d'Liewe vu senge véier Haaptprotagonisten ze zielen, huet de Philippe Sands eng regelrecht Detektivaarbecht geleescht. Dobäi huet hien deels erstaunlech an heiansdo immens intim Decouvertë gemaach. Zum Beispill fënnt hien eraus, datt senge Grousselteren hire Choix wéi a wéini si virun den Nazie géife flüchten och vu Liebesaffäre beaflosst waren.

Am Buch gëtt net just beschriwwen, wat de Philippe Sands erausfonnt huet, mä wéi hie bei senger Recherche virgeet: "Ech mengen, et ass dat, wat d'Lieser faszinéiert".

Nei Siicht op den Nürnberger Prozess

Den Hersch Lauterpacht an de Raphael Lemkin sinn op britescher an amerikanescher Säit als Experten an den Nürnberger Prozess implizéiert. Béid hunn zu Lemberg (haut "Lviv" an der Ukrain) Droit studéiert an hir Famille koumen aus der Ëmgéigend. Während dem Prozess fanne si eraus, datt quasi all hir Familljemembere vun den Nazien ermort goufen - an datt den Ugekloten Hans Frank als Generalgouverneur vum occupéierte Polen dofir mat responsabel ass.

Dës Decouverte hätt seng Siicht op den Nürnberger Prozess verännert, seet de Philippe Sands. An et wier ee gutt Beispill fir ze weisen, datt den Droit näischt ass, wat op eng mechanesch Manéier applizéiert gëtt:

"Den Droit gëtt vu Mënschen applizéiert, déi mat hirem perséinleche Kontext, hirer Kultur, hire politeschen Usiichten an ee Prozess kommen."

Zwee Juristen, eng Revolutioun

"D'Leit si sech net bewosst, datt de System vum internationale Recht, deen 1945 geschafe gouf, revolutionär war. Virdru war déi staatlech Souveränitéit absolut. Wann ee Staat wollt d'Halschent vu senger Populatioun ëmbréngen, konnt en dat maachen. Déi Souveränitéit ass 1945 ageschränkt ginn."

Engersäits duerch d'Iddi vun de moderne Mënscherechter, déi den Unis-Professer vu Cambridge Hersch Lauterpacht entwéckelt huet. All Individuum huet ee Minimum u Rechter, déi ee Staat net dierf verletzen. Anerersäits huet de polnesche Jurist Raphael Lemkin d'Iddi entwéckelt, datt och Gruppe musse protegéiert ginn. Well wa vill Mënschen ëmbruecht ginn, ass dat dacks net wéinst hiren individuellen Eegenschaften, mä well si zu engem spezifesche Grupp gehéieren.

Dës Iddie sinn nom Zweete Weltkrich an d'Charta vun de Vereenten Natioune (Juni 1945) gefloss, an d'Charta vun den Nürnberger Prozesser (August 1945), an d'UN-Konventioun géint de Genozid (1948), grad wéi an d'Universell Deklaratioun vun de Mënscherechter (1948). Dëse System huet de Rechtssystem verännert an zu engem Deel och d'Politik.

Revival vun der staatlecher Souveränitéit

An de leschte Jore kéint een eng Demande fir ee Retour bei méi national Souveränitéit, esou de Philippe Sands. De Brexit an d'Wahl vum Donald Trump als US-President wieren ee Versuch, nees méi national Kontroll ze kréien. An dat kéint een als eng Attack verstoen op d'Iddien, déi 1945 entwéckelt goufen:

"D'Ironie ass, datt mat Groussbritannien an den USA sech grad déi Länner distanzéieren, déi 1945 am meeschten dofir gemaach hunn, fir déi nei Iddien an d'internationaalt Recht z'integréieren. Mir erliewen also ee ganz geféierleche Moment a wëssen net wou et higeet"

Mä de Philippe Sands seet sech "zimlech optimistesch", datt d'Iddien, op deenen dat internationaalt Recht baséiert och an Zukunft Bestand hunn. Eventuell géif een elo ee Schrëtt hannerzeg maachen, fir duerno zwee Schrëtt virunzekommen: "Wann een d'Geschicht vum internationale Recht kuckt, gesäit een, datt d'Staate just handele kënnen, wann een Desaster geschitt ass." De Jurist nennt de Klimawandel als Beispill. Wahrscheinlech misst een éischt wierklech schrecklech Konsequenzen ofwaarden, éier d'Staate wierklech handelen.

Problemer vum Internationale Strofgeriichtshaff

De Philippe Sands war als Expert um Ausschaffe vum Traité bedeelegt, op deem den 1998 gegrënnten Internationale Strofgeriichtshaff vun Den Haag baséiert. Als Affekot huet hien an enger Rei Affäre virun dësem Geriicht plaidéiert.

D'Geriicht huet bis elo an éischter Linn afrikanesch Leadere poursuivéiert, bedauert de Philippe Sands: "Et gëtt also ee Problem. Well Afrika huet net de Monopol op international Verbriechen."

Am System vum internationale Recht gëtt et zënter 1945 een Desequiliber. D'Atrocitéiten, déi vun den USA, der Sowjetunioun an de Brite begaange goufen, sinn net poursuivéiert ginn. Dat wier bis haut ee Problem: "D'Geriicht ass fir déi, déi kee Pouvoir hunn". Dat misst sech änneren.

Vläicht awer kee Brexit?

Nom Declenchement vun der Austrëttesprozedur ass eng Iwwergankszäit vun zwee Joer virgesinn, fir ee Fräihandelsaccord tëscht Groussbritannien an der EU auszehandelen. Déi Verhandlunge géifen op d'mannst fënnef Joer an Usproch huelen, mengt de Philipp Sands. An an deem Zäitraum kéint nach vill geschéien, sou datt Groussbritannien eventuell awer Deel vum Bannemaart bleift.

De Philippe Sands ka sech souguer virstellen, datt et guer net zum Brexit kënnt. Notamment well déi konservativ Premierministesch Theresa May op eng "katastrophal a scho bal peinlech Manéier iwwerfuerdert wier". Da kéint ee feststellen, datt d'Tories esou zerstridde si wéi nach ni: "Vill Leit mierken, datt een Austrëtt vill manner einfach ass, wéi gemengt."

No den nächste Wahle kéint eng Koalitioun vun der Labour-Partei, de Liberalen an der Schottescher Nationalpartei och dofir suergen, datt de Brexit a Fro gestallt gëtt.


De ganzen Interview mam Philippe Sands:

Philippe Sandsplay_arrow