Radioen

On air

Espresso Beats  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pierre Gramegna an der Course fir d'Presidence vum Euro-Grupp

Eurozone

Pierre Gramegna an der Course fir d'Presidence vum Euro-Grupp

De Lëtzebuerger Finanzminister ass ee vu véier Kandidate fir de wichtegen europäesche Posten. Déi 19 Euro-Finanzministeren decidéieren e Méindeg, wien neie Chef vum Euro-Grupp gëtt. Dem Jeroen Dijsselbloem säi Mandat leeft nach bis Mëtt Januar.

auto_stories

2 min

Pierre Gramegna

De Finanzminister Pierre Gramegna ass Kandidat fir neie President vum Euro-Grupp ze ginn. Dat huet de Finanzministère dem radio 100,7 confirméiert. Déi aner dräi Kandidate sinn d'Finanzministere vu Portugal, Lettland an der Slowakei.

An der Sëtzung vun den 19 Euro-Finanzministeren e Méindeg soll eng Decisioun falen, wien Nofolger vum Hollänner Jeroen Dijsselbloem gëtt. Säi Mandat geet den 13. Januar 2018 op en Enn. An der Reunioun e Méindeg mussen d'Kandidaten hir Prioritéite presentéieren. Deen éischte Kandidat, deen zéng vun den 19 Stëmmen am Euro-Grupp kritt, gëtt neie President. Bis 12:00 Auer dësen Donneschdeg war Zäit, fir Kandidature fir dëse wichtegen europäesche Posten anzereechen.

Muenches schwätzt fir de Pierre Gramegna, dorënner seng Experienz, sou d'Reaktioun vum DP-Europa-Deputéierte Charles Goerens. Op där anerer Säit géif Lëtzebuerg nach ëmmer mat der Affär LuxLeaks a Verbindung bruecht ginn. Seng Chancë reduzéiere kéint och d'Tatsaach, datt mam Jean-Claude Juncker e Lëtzebuerger President vun der EU-Kommissioun ass.

De Pierre Gramegna hat sech scho leschte Mount um Poste vum Euro-Grupp-President interesséiert gewisen. Hie wier vun anere Finanzministeren encouragéiert ginn, sot hien. "Wann e gewëssene Konsens op menger Kandidatur sollt geschéien, da stinn ech op jiddwer Fall bereet, ech hunn net hei de Fanger ausgestreckt", esou de Minister den 12. Oktober um radio 100,7.

De Pierre Gramegna ass zënter Enn 2013 Budgets- a Finanzminister an der blo-rout-grénger Regierung. Virdru war hie Lëtzebuerger Botschafter a Japan, Generaldirekter vun der Handelskammer a President vum Cargolux-Verwaltungsrot.

President vum Euro-Grupp, also vum Gremium vun de Finanzministeren aus der Eurozone, war vun 2005 bis 2013 de Jean-Claude Juncker.