De Pim Knaff gëtt zou, datt déi eng oder aner ganz grouss Affiche am Programm vum Joer feelt, dofir wier et ëmsou méi wichteg de Public virwëtzeg ze maachen op déi vill méi kleng Projeten, déi am Kader vun Esch 2022 gebuede ginn.
E besseren Image iwwer d'Kultur
Esch 2022 soll net mam 22. Dezember op en Enn goen. D'Minettmetropol erwaart sech vun den nächste Méint en nohaltegen Effekt vun der Kulturhaapstad, an eng Dynamik, déi nach laang erhale bleift. D'Stad Esch wëll dat finanziell ënnerstëtzen, mat engem Kulturbudget, dee vläicht net ëmmer esou héich bleift wéi en dëst Joer ass, mee dee sécher net méi op den Niveau vu virdrun géif zréckfalen, sou den Escher Kulturschäffe Pim Knaff.
Esch wéilt sech duerch d'Kultur en aneren Image ginn a géif sech e gewësse Retour fir d'Attraktivitéit vun der Stad erwaarden. Dofir géif sech eng Erhéijung vum Budget och justifizéiere loossen.
frESCH soll iwwer 2022 eraus wierken
2022 soll Esch um kulturelle Plang nohalteg veränneren, an net just an den nächste puer Méint. Dat ass d'Ambitioun. D'Stad Esch huet sech dofir wesentlech méi budgetär Moyene fir d'Kultur gi wéi bis elo. A si huet eng asbl mam Numm frESCH gegrënnt, déi d'Nohaltegkeet vun deem Joer garantéiere soll.
frESCH wäert d'Konschthal an d'Bridderhaus, déi fir de Projet Kulturhaaptstad gebaut gi sinn och no 2022 geréieren.
D'Konschthal ass eng Gallerie an d'Bridderhaus ass eng Résidence d'artistes, mat Atelieren an engem klengen Ausstellungssall an deem Kënschtler hirer kreativer Aarbecht kënnen nogoen. De Bâtiment 4 géif momentan den ILL an den Hariko hebergéieren an e puer Säll kéinten u Konschtprojete verlount ginn.