Den Deputéierten a Parteicoordinateur Marc Goergen hätt gär e Kongress virum 15. Juli, mat engem Vote iwwer de ganze Präsidium. Den Deputéierte Sven Clement ass net waarm fir e Kongress virun der Summervakanz. Am Präsidium den nächsten Donneschdeg weist sech, wéi eng Positioun majoritéitsfäheg ass.
Ob de Marc Goergen als Coordinateur zrécktrëtt, sou wéi en dat intern virun den Europawahlen offréiert hat, ass och nach net kloer: "Ech bleiwe bis meng Nofolleg assuréiert ass", esou den Deputéierten. Bis haut huet hien net demissionéiert.
Trotzdeem ginn et scho Kandidate fir seng Nofolleg, mee déi gesäit de Marc Goergen skeptesch. Mam Jeff Cigrand oder Florian Holtgen wier d'Partei net a gudden Hänn, seet de Marc Goergen.
D'Piratepartei krut bei den Europawahle 7,7 Prozent vun de Stëmmen. E Plus vun 3,5 Punkte par Rapport zu 2014. Virun den Europawahle sinn an der 10-Joer jonker Piratepartei Divergenzen ëffentlech ginn. Iwwer d'Richtung, d'Kommunikatioun an d'Organisatioun.