Radioen

On air

Tockcity  |  GARDENS - Talk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Piratepartei: Keen Interessent fir Coordinateursposten

National Politik

Piratepartei: Keen Interessent fir Coordinateursposten

De Marc Goergen wëllt säi Posten als Coordinateur vun de Pirate gär ofginn. Dat wier beim Virstand vun der Partei net onbedéngt op Begeeschterung gestouss, seet den Deputéierten. Mee hie wéilt sech am léifsten elo mol op seng Aarbecht an der Chamber konzentréieren.

auto_stories

1 min

Marc Goergen

Hie wier am Februar fir zwee Joer op de Poste gewielt ginn. Theoretesch hätt d'Partei also zwee Joer Zäit fir ee Successeur ze fannen - bis elo hätt sech awer nach kee manifestéiert. Elo direkt kéint hien de Posten also net ofginn, esou de Marc Goergen.

"Ech ka jo net einfach esou haut soen "ech halen op", well dann ass jo keen Ersatz do." Mëttelfristeg kéint dat fir d'Partei "e richtege Problem" ginn. Hie wënscht sech, datt sech e Parteimember géif fir de Poste mellen, an datt déi Persoun dann op engem Kongress gewielt gëtt. "Well als Deputéierte wier ech jo och weiderhin am Präsidium a kéint verschidden Aarbechten trotzdem nach iwwerhuelen. Eben net déi ganz Administratioun, Personal asw", sou de Marc Goergen.

De Partei-Präsidium géif sech nächst Woch gesi fir d'Wahlresultat ze analyséieren an ze kucken, wéi et weidergeet, esou nach de Marc Goergen.