Chamberwahlen 2018 Piratepartei: "Ureizer schafen amplaz Verbueter"

Hie geet dovun aus, datt d'Piraten engersäits vill jonk Éischtwieler ugeschwat hunn, seet de Marc Goergen. D'Campagne vun der Piratepartei hätt awer och gewisen, datt vill eeler Leit d'Partei appreciéiert hunn. Fir vill eeler Leit wier "dat Fräiheetlecht" wichteg gewiecht, wat sech wéi "e mofe Fuedem" duerch de Programm vun der Piratepartei gezunn hätt.

Maurice Molitor / cz

Marc Goergen
Marc Goergen

Tëscht DP an LSAP situéiert de Marc Goergen seng Partei am politesche Spektrum. Mat engem staarken Akzent op Ëmweltthemen. Allerdéngs hätten d'Piraten do eng aner Approche wéi déi gréng. Wärend déi de Leit Virschrëfte maachen, fir d'Ëmwelt ze schützen, géifen d'Pirate wëllen Ureizer schafen, fir datt se dat vu sech aus maachen.

Scho fir d'Gemengewahlen hätt d'Piratepartei et fäerdeg bruecht, fir sech vum Image vun der renger "Internetpartei" ze léisen. D'Piraten hätten et fäerdeg bruecht, sech als Partei duerzestellen, déi eng "ganz Bandbreet u Programm kann ubidden, an net nëmmen zwou dräi Nischen".

"Keng reng Internetpartei méi"

D'Piratepartei war während der Campagne ganz präsent, sief et mat Affichen oder um Internet. D'Partei hätt sech doduerch awer net finanziell ruinéiert, seet de Marc Goergen. "Ech kennen elo d'Chifferen net vun deenen anere Parteien, mee wann ech awer esou kucken denken ech, dass mir mat dee gënschtegste Wahlkampf haten vun en alleguer de Parteien."

Vu Videoe bis Grafike wier alles vu Parteimembere selwer gemaach ginn. Deementspriechend wier de Käschtepunkt och gënschteg gewiescht. "Mir hunn och all Plakater selwer opgehaangen. Mir waren immens present, dat hunn ech och vun de Leit héieren. An dat freet mech natierlech, well et ass och nëmmen esou wéi ee sech dobausse mat den Iddie representéiere kann", sou de Marc Goergen.

"Méi staark op Theme gesat, wéi op Käpp"

Datt d'Piraten an der neier Chamber mat zwee Deputéierte vertruede sinn, ass eng vun de villen Iwwerraschunge vum Wahlsonndeg. Wuel nëmmen déi allermannst haten domat gerechent. De Marc Goergen par conter huet fest doru gegleeft. Hien hätt am Laf vun der Campagne ëmmer méi d'Gefill kritt, datt et kéint klappen.

Wéi aner Parteien, waren d'Piraten och vill ënnerwee; op Braderien zum Beispill. An do - am Kontakt mat de Leit - krut de Marc Goergen lues awer sécher d'Gewëssheet, datt et kéint klappen.

Anescht wéi aner Parteien hätten d'Pirate méi staark op Theme gesat, wéi op Käpp. D'Leit hätten d'Parteimemberen ëmmer méi konkret op Themen ugeschwat, "an dunn hu mer gemierkt: Ok, déi Themen, déi interesséieren", seet de Marc Goergen.

Aus de Collaboratioun mat der PID zéien d'Piraten e positive Bilan, d'nächst Woch soll iwwer déi zukünfteg Relatioune geschwat ginn. Virun allem am Hibléck op d'Europawahlen - bei deenen hie perséinlech net kandidéiere géif, - wier alles méiglech, sou de Marc Goergen.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Sammy Wagner
Chamberwahlen 2018

Den LSAP-Parteipresident an den LSAP-Generalsekretär missten aus dem Wahlechec vun de Sozialiste Konsequenzen zéien. Dat fuerdert de Sammy Wagner, den LSAP-Schäffe vu Stengefort.

Philippe Poirier
Chamberwahlen 2018

D'LSAP an d'CSV hätte bei dëse Wahle Stëmme verluer wéinst engem strukturelle Problem vum Elektorat. Dat seet de Politolog Philippe Poirier. Déi politesch sozialistesch a chrëschtlech-sozial Kulturen wiere mëttlerweil méi kleng ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen