Euthanasie Plainte géint Lëtzebuerger Spidol, dat "Stierfhëllef verbitt"

D'Associatioun Mäi Wëllen, mäi Wee huet eng Plainte beim Gesondheetsministère deposéiert, well ee Spidol hei am Land sengen Dokteren Euthanasie géif verbidden. Dat sot de President vun der Associatioun Jean-Jacques Schonckert an eiser Emissioun Riicht eraus.

Rick Mertens / cbi

Den Dr. Romain Stein, d'Christine Dahm an de Jean-Jacques Schonkert
Den Dr. Romain Stein, d'Christine Dahm an de Jean-Jacques Schonckert

Ëm wéi ee Spidol et sech handelt, wollt de Jean-Jacques Schonckert net soen, well d'Présomption d'innocence misst respektéiert ginn. Hien huet präziséiert, de Gesondheetsministère wier am Gaangen d'Plainte ze traitéieren. Wann no der Enquête "Konsequenze" geholl ginn, géif de "Grand-Public" dat matgedeelt kréien, esou de Jean-Jacques Schonckert. Et wier eng "Affaire à suivre."

D'Plainte vu Mäi Wëllen, mäi Wee kënnt nodeems de President vun der nationaler Euthanasiekommissioun, den Dr. Carlo Bock, am Mee am 100,7-Interview gesot hat, verschidde Palliativstatioune wären "absolutt dogéint fir Euthanasien ze maachen." Och hien hat net gesot, wéi eng Statiounen oder Spideeler gemengt sinn.

Geréng Zuel vu Stierfhëllef

D'Direktesch vun Omega 90 seet an der Palliativstatioun vun hirer Associatioun wiere schonn Euthanasië gemaach ginn. Et géif sech dobäi awer ëm eng "geréng Zuel" handelen, esou d'Christine Dahm.

Am Haus Omega géifen och keng Patienten opgeholl ginn, "déi just fir Euthanasie erakommen". De primären "Optrag" vun der Statioun wier nämlech d'Palliativfleeg, esou d'Direktesch vun Omega 90: "Wann awer e Patient um Wee vun de Soins palliatifs op ee mol seet 'ech hätt gär en aneren Choix', da stelle mir eis deem net an de Wee."

Den Dokter Romain Stein vum Collège médical huet betount, och zéng Joer no der Legaliséierung hätt sech zu Lëtzebuerg nach "keng Kultur entwéckelt fir mat der Problematik vun der Stierfhëllef ëmzegoen." De Romain Stein huet selwer schonn Euthanasië gemaach a sot, hie wéilt deemnächst eng '"End of Life"-Formatioun fir Dokteren hei am Land ubidden.


Déi ganz Emissioun Riicht Eraus mat der Christine Dahm vun Omega 90, dem Jean-Jacques Schonckert vu "Mäi Wëllen, mäi Wee", an dem Dokter Romain Stein vum Collège médical kënnt der hei ganz lauschteren:

An der Mediathéik:

Riicht eraus / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Dr. Jean-Claude Schmit
Stierfhëllef

An de leschten zéng Joer goufen et hei am Land ronn 70 Fäll vun Euthanasie. 2017 an 2018 gouf manner dacks Stierfhëllef an de Klinike geleescht. An Zukunft soll de Public an d'Doktere verstäerkt informéiert ginn.

Euthanasie
10 Joer Euthanasiegesetz

Dëse Weekend waren et zéng Joer hier, datt d'Gesetz iwwer d'Stierfhëllef a Kraaft getrueden ass. Der Associatioun Mäi Wëlle, Mäi Wee no, wier d'Euthanasie an der Praxis awer quasi non-existent.

Carlo Bock
Euthanasie

Et ginn nach ëmmer Doktere, déi déi aktiv Stierfhëllef refuséieren, seet den Dokter Carlo Bock. Hien ass Member vun der Kontroll- an Evaluatiounskommissioun iwwert Euthanasie an aktiv Stierfhëllef.

Senior woman with seriously ill husband in hospital
Generalversammlung ADMD-L

Zënter 2009 ass d'Euthanasie hei am Land depenaliséiert.​ D'Patienten an d'medezinescht Personal wëssen awer net genuch iwwer d'Gesetz. D'ADMD-L wëllt dat geziilt duerch Informatiounscampagnen änneren.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Samschdes-Magazin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen