Landesplanung Plan directeur: Grouss Linne fir d'Landesplanung

Wéi soll sech eist Land entwéckelen, wéi sollen déi verschidde Regioune wuessen an ënnerenee verbonne ginn? Alles dat si Froen op déi den Programme directeur Äntwerte soll ginn, ee vun de wichtegsten Instrumenter vun der Landesplanung.

Jacques Ganser / cbi

Symbolbild Landesplanung
Symbolbild. Foto: Bigstock / mi_viri

Lauschteren


De rezente Programme directeur gouf viru kuerze fäerdeg gestallt, de Gemengesyndikat Syvicol huet d'Dokument kritesch ënner d'Lupp geholl.

De Plang setzt déi grouss Linne fest, ouni awer den Detail ze reegelen - dat geschitt iwwer sougenannte sektoriell Pläng.

Dräi Entwécklungspolen

Wéi eng Variant vun de Programm directeueren iwwer déi lescht Joren een och kuckt, Basis sinn ëmmer déi dräi Entwécklungspolen Zentrum, Nordstad a Minettesregioun. Op si entfalen ëmmerhin zwee Drëttel vun der ganzer Populatioun.

Dorunner wäert sech och sou bal näischt änneren, sou de Syvicol-President Emile Eicher: de Staat selwer hätt net genuch Zeeche gesat an en hätt méi dezentraliséiere missten als Zeechen, datt ee wierklech op déi dräi Pole wéilt setzen.

10 Prozent vun der Populatioun liewen an de sougenannte Centres de développement et d'attraction, kuerz CDA. Dat sinn Uertschaften, déi am grousse Ganze mat Kantonalhaaptstied iwwerenee falen an eng regional Roll spillen.

Et bleiwen dann 22 Prozent vun der Populatioun, déi a ländleche Gemenge wunnen. Déi zukünfteg Wuesstemspläng, déi de Programme directeur deene Gemengen zougesteet, wäerten en Impakt op déi Gelder hunn, déi d'Gemengen aus dem Fonds de dotation globale des communes kréien.

D'Gelder aus dem Fonds de dotation globale gerecht opdeelen

De Syvicol stellt sech Froen zu deene ländleche Gemengen, déi net méi wuesse kënnen:

"Deenen hir Recettë vun de Finanzen, déi se elo aus dem Fonds de dotation globale kréien, wat jo ee grousse Kuch ass, dee gëtt entspriechend méi kleng, wat d'Bevëlkerung op anere Plaze wiisst."

D'Gemenge misste bei dësen Decisioune méi mat agebonne ginn an et misst gekuckt ginn, wéi sech de Wuesstem an de Gemengen an Zukunft verännert.

Et wier net gutt fir einfach de Kuch fir déi ländlech Gemengen ze verklengeren a fir déi stättesch Gemengen ze vergréisseren, sou nach den Emile Eicher.

Villméi missten ee lo mol kucken, wat déi sougenannte CDA, also Wuesstemsgemengen, méi misste leeschten, an dann de Finanzement upassen.

Méi zum Thema

Kadaster Bauen
"Des cartes et des chiffres"

A senger neier Serie "Karten an Zuelen" verëffentlech de Ministère fir Landesplanung eng Rei Fakten iwwer Landesplanung a Landesverbauch zu Lëtzebuerg. Dëst ass e wichtegt Instrument fir Landesplanung.

Pascale Junker Meenung
Fräie Mikro

Zu Lëtzebuerg gëtt gebaut an ofgerappt wéi benzeg. Ob dat gutt oder schlecht ass, doriwwer streide sech d'Gemidder. Wéi steet et dann ëm de Buedemverbrauch zu Lëtzebuerg, freet sech d'Pascale Junker.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen