Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Remboursement no 25 Joer fir Antibabypëll

Gesondheet

Kee Remboursement no 25 Joer fir Antibabypëll

D’Regierung wäert de Remboursement vu Contraceptiouns-Mëttel net erweideren, sou d'Gesondheetsministesch an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro. De Planning Familial weist sech doriwwer entäuscht - doropshin präziséiert d'Lydia Mutsch elo hir Aussoen.

auto_stories

3 min

Zënter 2012 ginn d’Käschte fir verschidde Contraceptiouns-Mëttel zu 80 Prozent iwwerholl, fir Frae vu manner wéi 25 Joer. A Contraceptifen, déi längerfristeg wierken, ginn net rembourséiert. Wéi déi blo-rout-gréng Regierung 2013 ugetruede war, hätt de Planning d’Versprieche kritt, datt méi géif an déi Richtung gemaach ginn, seet d’Presidentin vum Planning Familal Ainhoa Achutegui. Am Regierungsprogramm hätt gestanen, datt net nëmmen d'Contraceptioun-Mëttel wéi d'Antibabypëll rembourséiert sollte ginn, mee och déi Mëttel, bei deenen eng chirurgesch Interventioun noutwendeg wier.

Fir de Planning Familial ass et net novollzéibar, firwat Contraceptioun-Mëttel net rembourséiert ginn, wann d’Fra méi wéi 25 Joer huet. Ronn 70 Prozent vun de Fraen, déi an de Planning Familial kommen an d’Contraceptiounen huelen, wieren iwwer 25, betount d’Ainhoa Achutegui. "D'Précaritéit hëlt net mat 25 Joer of."

Frae kéinten och nach mat 30 oder 40 Joer an enger prekärer Situatioun sinn, a kéinten dovunner profitéieren, wann d'Contraceptife géinge rembourséiert ginn..

Lëtzebuergesch Etude

D’Regierung géif sech op eng europäesch Etude bezéien, där no ronn 80 Prozent vun de Fraen d’Anti-Baby-Pëll géife favoriséieren, heescht et vum Planning. Et wier bis ewell awer nach keng Etude hei zu Lëtzebuerg gemaach ginn, fir ze wësse wéi eng Contraceptiouns-Mëttele vun de Frae favoriséiert ginn, esou d'Ainhoa Achutegui.

D’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch verweist an dëser Fro op en "neit Instrument": De geplangte Centre de référence, deen am Kader vum nationale Programm fir d'Promotioun vun der affektiver a sexueller Gesondheet entsteet.

"Mir erwaarden eis do en Aktiounsprogramm, wou dat dote Beispill eng vun de Piste kéint sinn, fir eis Situatioun hei zu Lëtzebuerg nach weider ze verbesseren a statistescht Material, wat jo ëmmer utile ass fir eng Programmatioun an Zukunft ze maachen. Datt mir dat verbesseren a mir wäerten dann och an Zukunft, wéi bis elo, dem Planning Familial déi noutwendeg Moyenen ginn."

Regierung oppe fir Ännerungen

Net fir all Fra wier d’Antibabypëll gëeegent, erkläert d’Ainhoa Achutegui. Sief et well d’Fra d’Pëll aus gesondheetleche Grënn net verdréit oder well d’Fra Schichte schaffe muss. Dofir missten d’Fraen och op aner Contraceptioun-Mëttel kënnen zréckgräifen, esou d’Presidentin weider. Fir déi nächst Entrevue mam Gesondheetsministère, géif d’Thema Contraceptioun op den Ordre du Jour gesat ginn, well de Planning Familal eng perséinlech Reaktioun vun der Ministesch wéilt kréien.

Am 100,7-Interview huet d’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch präziséiert, datt d'Regierung oppe wier, fir Ännerungen am Gesetz virzehuelen an och aner Mëttel, wéi beispillsweis d'Spiral, op d'Lëscht vun de Contraceptifen ze setzen.

"Do kéint eventuell och de Stérilet dozou gehéieren. Mee dat ass de Moment net de Fall, well d'Spiral fällt an eng aner Kategorie vu Produkter. Dofir war dee net an der doter Kategorie dobäi. Mee wat net ass, ka jo nach kommen."