Landesplanung Plans sectoriels nach dëst Joer
De Claude Turmes rechent domadder, datt virum Enn vum Joer déi sektoriell Pläng a Kraaft trieden. No Consultatioune wäerten déi véier Pläng (Transport, Logement, Aktivitéitszonen a Landschaften) nach eemol adaptéiert ginn, an zeréck un de Staatsrot goen.
De François Bausch hätt bei de sektorielle Pläng eng "gutt Viraarbecht" geleescht. Et hätt een iwwer 1.700 Schreiwes kritt, wou d'Leit oder d'Gemengen net zefridde waren. Doropshi wier eng Task force an d'Liewe geruff gi fir deene Leit ze äntweren.
Datt d'Ressorten Ëmwelt, Logement, Transport, Landesplanung a Bâtiments publics a grénger Hand si wier eng Chance, seet de Claude Turmes. Domadder kéint den "net onproblematesche Wuesstum" zu Lëtzebuerg besser organiséiert ginn:
"Dat Land hei huet eng Séil. Mir sinn hei net Singapur, a mir wëllen och net Singapur ginn. Eis geet et drëm, datt mir déi gutt Liewensqualitéit, déi mir hei zu Lëtzebuerg nach hunn, datt mir déi behalen, an esouguer nach verbesseren. An dofir musse mir eben och Gesetzer maachen, wéi déi Plans sectoriels, déi mir elo op de Wee bréngen."
Eng "selektiv" Entwécklung
De Claude Turmes stellt de Wuesstum net a Fro, mee schwätzt vun enger "selektiver Entwécklung". Et wéilt een d'Land besser plangen, seet hien:
"Wou wëlle mir dann, datt d'Leit wunnen? Solle si no bei enger Eisebunn wunnen, oder bei engem Tram, wou mir si gutt kënnen transportéieren, oder sollen si iergendwou wunnen? Wou wëlle mir eis grouss Infrastrukturen hunn? Ech mengen, dat ass dann d'Aufgab vum Landesplanungsminister, fir zesumme mat dem Recht vun der Regierung eben dat besser hinzekréien, wéi mir dat vläicht an der Vergaangenheet hikritt hunn."
Finanzsprëtz fir Elektroautoen
Am Regierungsrot de 25. Januar wäert iwwer d'Aféierung vun enger Elektromobilitéitsprimm diskutéiert ginn, sou de Claude Turmes. Dem Energie- a Landesplanungsminister no kéint domadder virum Optakt vum Autosfestival e Samschdeg, eng nei Finanzhëllef fir Elektroautoen decidéiert ginn.