Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Plastik a Coronazäiten: Fluch oder Seegen?

EU-Plastiks-Direktiv

Plastik a Coronazäiten: Fluch oder Seegen?

D'Corona-Pandemie bréngt de Plastik nei an d'Diskussioun: Engersäits sinn Händschen, Mundschutz a Schutzkleedung aus Plastik net ewech ze denken. Anerersäits wiisst d'Gefor, datt den Offall u Plastik weider zouhëlt. Dobäi huet sech d'EU genee de Contraire zum Zil gesat. D'Industrie wittert eng Chance fir ee Comeback, Bréissel awer wénkt of.

auto_stories

4 min

"Wëllt Dir mam Covid-19 schwammen?", freet d'ONG "Opération Mer propre" an engem Post op Facebook. Hir Daucher haten op der franséischer Côte zu Antibes ee ganze Kuerf voll Händschen a Otemschutzmasken aus dem Mëttelmier gefëscht.

Ëmweltaktivisten hate virdru gewarnt, datt den obligatoresche Gebrauch vu Masken zu méi Offall féiere wäert. "Et ass besser op Masken zeréckzegräifen, déi ee wäschen an nees benotze kann", esou den Appell zum Beispill vum Julio Barea vu Greenpeace.

Demande no Plastik deels erop- an deels erofgaangen

D'Plastikindustrie gesäit dat naturgeméiss anescht. Et hätt een nach keng konkret Donnéeën, erkläert den David Carroll, den Direkter vu Plastics-Europe. "Mee mir hu vun eise Memberen héieren, datt d'Demande a verschiddene Beräicher eropgaangen ass, wéi zum Beispill fir Schutzkleedung, medezineschem Material a Liewensmëttel-Verpakungen."

Och Anti-Corona-Mesuren an de Geschäfter oder Supermarchéen, mat der Installatioun z. B. vu Plexiglas-Scheiwen, dréit zu méi Ëmsaz am Secteur bäi. Well d'Industrie awer alles an allem wärend op d'mannst zwee Méint vill manner produzéiert huet, war d'Entwécklung a verschiddene Beräicher ëmgedréit. "Aner ekonomesch Secteuren hu staark ofgeholl, wéi zum Beispill d'Automobilindustrie, wou alles vill méi lues gelaf ass", esou den David Carroll.

Méi Plastik am Offall: nach net kloer

Ob elo ënner dem Stréch duerch d'Corona-Kris méi Plastik ewechgehäit gëtt, muss sech iwwerdeems nach erausstellen. Dat soen och Ëmweltschützer.

D'Larissa Coppello vun der ONG Zero Waste Europe weist drop hin, datt ee signifikanten Deel vum Plastiksoffall zum Beispill duerch den Take-Away produzéiert gëtt. Doduerch datt awer vill Restauranten, Caféen oder Snack-Baren zouhaten, wier deen Undeel u Plastik am Offall mat Sécherheet erofgaangen.

En plus wier den Tourismus ee vun de Schlësselsecteuren, deen traditionell fir den Asaz vu Plastiks-Emballagë responsabel ass. "Vu datt et awer eng Zäit laang guer keng Touriste gouf, ass och hei de Verbrauch staark zeréckgaangen", seet d'Ëmweltaktivistin.

A ville Supermarchéë gouf virun allem um Ufank vun der Pandemie méi agepaakte Geméis an Uebst verkaf. D'Clienten hunn dat méi sécher fonnt. Och a Biobutteker war et zäitweis verbueden, seng eege stoffen Tute matzebréngen fir Wuer, déi am lassene verkaf gëtt, dranzemaachen.

D'Verkeefer hätten Angscht gehat d'Kontroll iwwer d'Hygiène ze verléieren, esou d'Larissa Coppello. Si begréisst et, datt déi Skepsis elo awer nees nogelooss huet.

Renaissance vum Plastik dank Corona?

Wéi virun der Pandemie setzen Organisatioune wéi Zero Waste drop, datt Plastiksverpackungen, déi just eng Kéier benotzt ginn, lues a lues verschwannen. Dat ass jo och dat, wat d'Europäesch Kommissioun uviséiert. Zanter zejoert ass eng Direktiv a Kraaft, déi dem Asaz vum Einweg-Plastik de Krich ugesot huet.

Een Deel vun der Plastiksindustrie gesäit awer an der Corona-Pandemie d'Méiglechkeet, datt de Wand sech dréit.

European Plastics Converters, een aneren europäesche Verband, huet an engem Bréif un d'Kommissioun dozou opgeruff, datt d'Ëmsetze vun der Direktiv soll verluecht ginn.

EU-Kommissioun: Direktiv bleift onverännert

D'Industrie ass awer net geschlossen där Meenung, esou den David Carroll vu Plastics-Europe. D'Kris hätt mat Sécherheet den héije Wäert vu Plastiksproduite gewisen. D'EU-Direktiv hätt och ee méi héijen Taux vu Recyclage vu Plastik als Zil. Déi Ziler wieren allgemeng ambitiéis. "Et ass net einfach, well eng Partie vun eise Memberen d'Kris ze spiere kruten. Mee mir hu Wëlles, eis Engagementer anzehalen", esou den David Carroll.

D'Memberlänner hunn nach bis am Juli d'nächst Joer Zäit, d'EU-Direktiv ëmzesetzen. Bis dohi sollen déi zéng Saachen aus Plastik, déi am meeschten am Offall an op de Plagë fonnt goufen, verbuede ginn. Dozou gehéieren nieft Plastiksgeschier, och Schallimoen oder Ouerestäbercher.

D'Kommissioun iwwerdeems huet kloer gestallt, datt un deem Timing näischt geännert gëtt. "Mir stinn um Standpunkt, dat europäescht Recht muss agehale ginn. Dozou gehéiert d'Direktiv iwwer de Gebrauch vu Plastik, dee just eng Kéier gebraucht gëtt", esou eng Spriecherin scho Mëtt Abrëll.

All déi Saachen op der Lëscht kéinten duerch anerer ersat ginn, déi net aus Plastik gemaach sinn, preziséiert d'Kommissiounsspriecherin. Mundschutz-Masken oder Plastikshändsche kënnen iwwerdeems net op déi Lëscht gesat ginn, well medezinesch Objete prinzipiell vun engem Plastik-Verbuet ausgeschloss sinn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.