Radioen

On air

Tockcity  |  Ibibio Sound Machine - Pull the Rope

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verschmotzung vun de Weltmierer duerch Plastik

Ëmwelt

Verschmotzung vun de Weltmierer duerch Plastik

D'Verschmotzung vun de Weltmierer mat Plastik hëlt weider zou. Eng Léisung ass et, fir de Plastik nees aus de Mierer eraus fëschen. Eng aner Approche ass, dofir ze suergen, datt manner Plastik an d'Mierer geréit. Ëmwelt-Organisatiounen a Mieresbiologen halen déi zweet Optioun fir prioritär.

auto_stories

4 min

Foto: Bigstock / Rich Carey

All Joer sollen tëscht fënnef a 14 Milliounen Tonne Plastikoffall an d'Wieltmierer geroden, schätze Wëssenschaftler. Dobäi kéim den Offall, deen duerch d'Schëffer an d’Mier geréit, deen awer schwiereg ze berechnen wier. Aus ekologescher Siicht ass dem Plastik seng Haltbarkeet e Problem. Plastik brauch honnerte Joren, fir sech nees biologesch ofzebauen, seet de Philippe Schockweiler vun der Lëtzebuerger Ëmweltorganisatioun Greenpeace.

An de Weltmierer géinge bis ewell ronn 150 Milliounen Tonne Plastik schwammen. Dat wier ongeféier ee Fënneftel vum Gewiicht vun de Fësch am Mier. Wëssenschaftler wiere sech eens, datt déi Zuel bis 2025 staark klëmmt, seet de Philippe Schockweiler. D'Gewiicht vum Plastik an de Mierer kéint dann d'Gewiicht vun de Fësch erreechen.

"Plastikpartikele kënnen net gefiltert ginn"

Den Offall gëtt a ville Länner net richteg entsuergt a recycléiert, seet d'Melanie Bergmann vum däitschen Alfred-Wegener-Institut fir Mieresfuerschung. Dowéinst kéint sou vill Plastik-Offall an d'Mierer geroden. "Dacks lageren d'Länner hiren Offall op Dreckstippen um Land." Virun allem a südostasiatesche Länner géingen d'Sue feelen, fir déi néideg Infrastrukturen opzebauen. Den Offall gëtt dacks einfach ewech gehäit, geréit dann an d'Flëss a gëtt vun do aus an d'Mier geschwemmt, esou d'Mieresbiologin.

Besonnesch beim Mikroplastik ass et schwéier ze verhënneren, datt den Offall an d'Mier geréit, seet de Philippe Schockweiler vu Greenpeace. Dat wier zum Beispill bei klenge Partikele vun enger Fleecejackett de Fall. Bis zu 1.000 kleng Plastikpartikele kéinte sech pro Wäsch vum Fleece léisen. Déi Plastikpartikele wiere sou kleng, datt se net gefiltert kënne ginn.

Plastik geréit an de Mo vun den Déieren

Nieft dem normale Plastik sinn och déi kleng Plastikpartikelen eng Gefor fir d'Liewewiesen, seet de Bernhard Bauske vun der Ëmwelt-ONG WWF Däitschland. Mieresschildkröten oder Séihënn kéinte sech am Plastikoffall verfänken. Vill Villercher géifen d'Plastikdeeler oppicken, an dee géif dann an hire Mo geroden. D'Villercher géifen erhéngeren oder direkt un de Konsequenze stierwen. "Mir rechnen domat, datt am Joer 2050 bal all Mieresvillchen iergendwellech Plastikdeeler am Mo wäert hunn."

Doduerch, datt de Plastik sech an ëmmer méi kleng Deeler zersetzt, huelen d'Fësch de Plastik mam Plankton op, stellt de Mark Lenz vum däitschen Helmholtz-Zentrum fir Ozeanforschung fest. Bis ewell wier de Plastik beim wëlle Fësch just am Mo fonnt ginn. Dat hätt fir de Mënsch keng gréisser Konsequenzen, well just d'Muskelfleesch vum Déier géif giess ginn. A Versich am Labo hätte Fuerscher allerdéngs erausfonnt, datt de Plastik vum Daarm och an d'Muskelen iwwergoe kéint. D'Muskelfleesch vum Fësch kéint also och belaascht ginn. Genee Prouwe géingen et allerdéngs nach net ginn.

Botze vum Mier zerstéiert Biomass

Fir d'Mierer nees propper ze maachen zirkuléiere verschidden Iddien. Zum Beispill kéint een den Offall erausfëschen. Dat gesäit d'Mieresbiologin Melanie Bergmann allerdéngs kritesch. Et kéint een de Plastik net einfach asammelen a mengen da wier et gutt. De Plastik kéim ëmmer erëm no. Plastik wier iwwert eng gréisser Fläch verdeelt. Duerch d'Botze vum Plastik am Mier géing och d'Biomass ewech geholl ginn. "Wann een dat eemol mécht ass et wahrscheinlech net esou schlëmm. Mä de Plastik kënnt ëmmer erëm no an domat géing een dem Mier eng wichteg Grondlag entzéien, wann een de Prozess widderhëlt."

De Markus Lenz ass der Meenung, datt een en Offallmanagement-System misst etabléieren. Virun allem a villen asiatesche Länner wier et eng Fro vun der technescher Entwécklung. Den Offall misst esou gemanagt ginn, datt en net an d'Ëmwelt geréit. "Wat natierlech och ëmmer Sënn mécht ass den Offall ze reduzéieren an de Mënsche Méiglechkeeten a Weeër ze weisen, wéi een dat kann erreechen."

Afloss op bedrohten Aarten

De Bernhard Bauske warnt, datt verschidde Liewewiese masseweis stierwen kéinten, wann d'Verschmotzung vun de Mierer mat Plastik weider zouhëlt. Virun allem den Afloss op menacéiert Schildkrötem, Walaarten oder Mieresvillecher. "Ech hoffen net, datt dës Entwécklung Realitéit gëtt. D'Bewosstsinn beim Mënsch ass elo scho gutt entwéckelt an d'Thema ass bekannt. Mir mussen elo direkt entspriechend reagéieren, fir datt sech d'Situatioun net nach weider verschlëmmert."

Donieft ass dee Plastikoffall och fir d'Tourismus-Industrie e Risiko, sou de Bernhard Bauske. D'Stränn op der ganzer Welt kéinten duerch dee ville Plastik an de Mierer esou verschmotzt ginn, datt d'Leit net méi wéilten dohinner goen.