Eng completéiert Versioun vum nationalen Energie- a Klimaplang gouf den Dënschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun virgestallt. Eng vun de Méiglechkeeten, déi no der Presentatioun thematiséiert gouf, ass déi vum Staffele vum Dieselpräis.
Am Kontext vun der geplangter neier CO2-Steier erënnert den LSAP-Fraktiounschef dorun, datt et d'Camione sinn, déi e ganz groussen Deel vun deem Diesel tanken, deen hei am Land verkaaft gëtt. Op dësem Punkt misst dem Georges Engel no ugesat ginn.
"Dofir mengen ech, datt een déi Pist soll virzéien, éier een un d'Leit geet, wou een deene méi Steieren ophalst. Et misst ee vläicht e Wee kucken, ob een net kënnt ab enger gewësser Literzuel, déi een tankt, einfach méi da ka froen. Mir hunn de gestaffelte Waasserpräis, bon vläicht gëtt et dann och elo eng Kéier de gestaffelten Dieselpräis."
Och DP kéint mat enger Zort staffele liewen
Esou e Staffele kéint dem DP-Deputéierte Max Hahn no eng vun de Piste sinn, déi schonn am Energie- a Klimaplang stéing. Et géif haaptsächlech dorëm goe fir manner Camion-Tanktourismus ze hunn. "An do ass eng vun de Pisten, fir déi mir eis als DP staark gemaach hunn, déi och esou am Plang dran ass, datt wat e méi Literen tankt, wat de Präis gestaffelt dann och méi héich gëtt."
Den Energie-Minister Claude Turmes huet den Dënschdeg - een Dag virun der Publikatioun vum 200-Säiten-Dokument vum Energie- a Klimaplang - vun enger Iddi geschwat, wat e gestaffelten Dieselpräis ugeet. "Et ass eng Iddi, déi dra steet, woubäi natierlech dat elo muss an der Steierreform diskutéiert ginn, an do gëtt et natierlech och eng Rei technesch Froen, déi do musse gekläert ginn", sou de Minister.
Mat der geplangter Steierreform soll 2021 eng CO2-Steier ageféiert ginn, déi ufanks 20 Euro pro Tonn Kuelendioxid soll ausmaachen: dat sinn ëmgerechent ronn fënnef Cent pro Liter Diesel.