Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Polariséierung vum Salariat

Fräie Mikro

Polariséierung vum Salariat

D'Salariat zu Lëtzebuerg wiisst weider. De STATEC stellt a sengem leschte Bulletin vum November fest, datt de Wuesstum haaptsächlech an deene Beruffer stattfënnt, déi op den zwee Enner vun der Gehälterskala stinn. Et gëtt vun enger Polariséierung vum Salariat geschwat. Wat stécht do derhannert? Wat werft dat fir Froen op iwwer d'Zukunft vun eiser Gesellschaft? E Fräie Mikro vun der Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés.

auto_stories

4 min

D'Laura Zuccoli ass Presidentin vun der ASTI. Foto: Archiv

45 Prozent vun de Salariéen op eisem Aarbechtsmaart si Frontalieren, 28 Prozent sinn auslännesch Awunner an nëmme 27 Prozent si Residente mat Lëtzebuerger Nationalitéit. Den Undeel vun de Salariéë mat Unisstudium ass an der Lëtzebuerger Wirtschaft staark eropgaangen. A verschidde wëssenschaftlech an technesch héich spezialiséierte Secteuren vun der Erzéiung, de Finanzen a Versécherungen, der Informatik oder der Kommunikatioun hunn dräi Véierel vun de Mataarbechter eng Héichschoulqualifikatioun.

D'Entwécklung vun der Finanzplaz an de Servicer, déi direkt domat zesummenhänken, zéie qualifizéiert Personal mat BTS, Bachelor oder Master un. An deem Secteur sinn déi administrativ manner qualifizéiert Aarbechten tëschent 2002 an 2018 vu 45 Prozent op nëmmen 10 Prozent erofgaangen, e Beweis, datt d'Digitaliséierung mëttelfristeg och mëttelqualifizéiert administrativ Beruffer ofschaaft. Déi sougenannte "White collar workers" - fréier hu mer si Employéë genannt - stellen elo zwee Drëttel vun alle Salariéen zu Lëtzebuerg duer. Wa virun 20 Joer d'Hallschent vun de Salariéë just e Secondairesofschloss hat, esou ass dësen Undeel mëttlerweil op en Drëttel gefall.

Op der anerer Säit stellt de STATEC eng Erhéijung vun der Unzuel vu manner qualifizéierte "Blue collar workers" fest - fréier hu mer déi Aarbechter genannt - besonnesch duerch den Zouwuess am Bausecteur.

Wou ass d'Chancëgläichheet?

Bemierkenswäert ass, datt de Wuesstum am Beräich vun de ganz héich qualifizéierte Beruffer mat Unisofschloss grad esou héich ass, wéi deen am Beräich vu Beruffer, an deene wéineg Schoule gefrot ginn. Dëse Phenomeen, deen de STATEC d'Polariséierung vum Aarbechtsmaart nennt, stellt eng Rei nei Defien.

Bréngt eis Schoul et fäerdeg, dësen neien Ufuerderunge vun eisem Aarbechtsmaart gerecht ze ginn? Vill Jonker, besonnesch Kanner aus manner bemëttelte Milieuen a besonnesch dacks Auslänner, ginn duerch eise Schoulsystem benodeelegt a falen duerch. Dem leschte Schoulbericht iwwer de Fondamental no, hat am Joer 2018/19 méi wéi e Fënneftel vun alle Kanner aus de Cyclen 2 bis 4 - fréier hu mer dat d'Primärschoul genannt - e Retard! Am zweete Schouljoer waren et schonn 20 Prozent, eng erschreckend Zuel déi am véierte Schouljoer bis op 28 Prozent geklommen ass!

Et si virun allem Kanner aus manner bemëttelte Schichten virun allem mat auslänneschen Originnen, déi esou an den net-qualifizéierten Aarbechtsmaart zwangsorientéiert ginn, ënner anerem well si sproochlech benodeelegt sinn. Wou besteet do nach Chancëgläichheet?

D'Auslänner an d'Frontaliere sinn d'Verléieren

65 Prozent vun de Lëtzebuerger schaffen a Beruffer, an deenen ee gutt verdéngt, géintiwwer nëmmen 42 Prozent vun den auslännesche Residenten a 37 Prozent vun de Frontalieren. Net iwwerraschend sinn et d'ëffentlech Verwaltung, d'Gesondheet an d'Bildung, an deene mir Lëtzebuerger dominéieren. Mir bestëmmen d'Politik, well mir hunn d'Walrecht. Well eise Schoulsystem nach ëmmer op d'Lëtzebuerger ausgeriicht ass, hunn eis Kanner besser Bildungschancen. A mir si manner vun der Wunnengsproblematik betraff, well mir hunn e Patrimoine, dee mir un eis Kanner viruginn.

Verléierer sinn d'Auslänner, déi hei wunnen an d'Frontalieren, déi sécher och méi no bei hirer Schaff wéilte wunnen. Mir bauen eng Gesellschaft op, an där Mënschen aus schwaache Gesellschaftsschichte näischt méi ze radetten hunn, an där Schoulkanner, deenen doheem keen hëllefe kann, an der Schoul ewech fueren oder an där Wunnengen nëmme nach Leit mat Goss zougänglech sinn - eng Bling-Bling Gesellschaft, an där net de Mënsch am Mëttelpunkt steet, mee de Räichtum, deen e besëtzt!

Mir gentrifizéieren eist Land an eis Gesellschaft, e Monaco mat just nach Plaz fir déi Räich. Déi, déi sech et leeschte kënnen, wunne nach hei am Land, déi aner zéien iwwer d'Grenz - esou laang et do iwwerhaapt nach bezuelbar bleift!

An zéng Deeg fiert den Tram duerch d'Stad. Déi sëllege, virun allem portugisesch Aarbechter, déi Dag an Nuecht an esouguer de Weekend d'Infrastruktur vum Tram geluecht hunn, fir datt mir eng besser Liewensqualitéit kréien, sinn déi grouss Verléierer vun der Evolutioun vun eiser Gesellschaft. Si schaffen haart, verdénge wéineg, fir hir Kanner besteet keng Chancëgläichheet an der Schoul a si hu kee nationaalt Walrecht.

Mee d'Statistike weisen et däitlech aus: mir brauchen si esou néideg wéi d'Finanzplaz. Da komm mir ginn hinnen an hire Kanner och déi selwecht Chancen a Méiglechkeeten a schenken hinnen esou Respekt an Unerkennung fir hir wäertvoll Aarbecht, ouni déi mir net dat wiere, wat mir sinn.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.