Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Polemik ëm Registre des bénéficiaires effectifs

Finanziell Transparenz

Polemik ëm Registre des bénéficiaires effectifs

Eent vun den éischte Gesetzer, dat déi nei Chamber stëmme soll, suergt schonn direkt fir vill Diskussiounen. Et geet zum Deel ëm den Inhalt vum Text, zum Deel awer och ëm d'Aart a Weis, wéi en elo relativ kuerzfristeg am Parlament soll zum Vott gestallt ginn. Wann alles geet wéi geplangt, da sollen d'Deputéiert en Dënschdeg (d'nächst Woch) hiren Accord dofir ginn, datt e Regëster geschafe gëtt, an deem d'Bénéficiaires effectifs vun alle Kierperschaften opgelëscht a fir jiddwereen zougänglech gemaach ginn.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / svershinsky

Och an der Chamber ginn et ongeschriwwe Gesetzer. Eent dovu seet, datt eng Kommissiounssëtzung net méi wéi 90 Minutten dauert. Wann also déi alleréischt Reunioun vun der neier Justizkommissioun eréischt no 150 Minutten op en Enn geet - an dat nach nëmmen nodeems ofgemaach ass, sech e puer Stonnen drop schonn erëm ze gesinn - dann ass dat e kloren Indice: et gëtt e Problem.

An dee Problem ass de Projet de loi mat der Nummer 7217 iwwer d'Schafe vun engem Registre des bénéficiaires effectifs, deen dréngend muss ëmgesat ginn, seet d'Majoritéit. Et géif eng Urgence op zwee Pläng bestoen, seet de Rapporter Franz Fayot (LSAP). "Deen ee Plang ass, datt mir e Recours hu virun der Cour de Justice. D'Kommissioun huet e Recours gemaach géint Lëtzebuerg. Do riskéiere mir eng Geldstrof vu 600.000 Euro, wa mir dee Projet hei net ganz ëmsetzen. An deen zweete Volet - dee vill méi wichteg ass - dat ass eng Fro vu Reputatioun."

Gemengt ass d'Reputatioun vun der Finanzplaz: Lëtzebuerg huet Interêt dorun, bei neien Transparenz-Reegelen zu deenen Éischten ze gehéieren, déi se aféieren, fir all Blanchiment-Verdacht de Wand aus de Segelen ze huelen.

Laurent Mosar: "Vill negativ Repercussiounen"

De Gesetzesprojet ëm deen et hei geet, gouf schonn am Dezember 2017 deposéiert, 21 verschidden Avisen leie vir, mee d'Chamberkommissioun huet sech bis gëschter keng eenzeg Kéier domat beschäftegt. Hie géif et onverantwortlech fannen, datt déi viregt Regierung "während engem Joer näischt, awer guer näischt, an deem Dossier foutéiert huet, an dat doten eng Woch viru Chrëschtdag nach schnell wëllt duerchboxen - mat ganz villen negative Repercussioune fir vill Bierger an eisem Land", seet den CSV-Deputéierte Laurent Mosar.

Negativ Konsequenze fir Asblen a Veräiner

Mat deene "ganz villen negative Repercussiounen" ass virun allem déi Dispositioun aus der Direktiv gemengt, déi seet, datt net just Entreprisen, mee och Asblen (also Veräiner), deem Regëster an Zukunft hir "effektiv Beneficiairen" musse matdeelen. Dat sinn an deem Fall d'Comités-Memberen, och wann déi als Benevoller kee Sou kréien. Hannergrond vun där Bestëmmung wier d'Tatsaach, datt non-profit Organisatiounen och alt emol fir kriminell Zwecker mëssbraucht ginn, erkläert de Franz Fayot.

"Et ass net esou, datt dat e Secteur ass, deen net vulnerabel ass fir kriminell Suen, fir de Blanchiment. Plutôt au contraire: de Constat ass gemaach ginn, an anere Länner oder iwwerhaapt an deem Beräich, datt déi Sue sech hir Weeër sichen an och deemno wéi iwwer Veräiner an Asblen."

Mat Kanounen op Spatze geschoss?

D'Oppositioun stellt awer d'Fro, ob do net mat Kanounen op Spatze geschoss gëtt., esou den ADR Deputéierte Roy Reding. Hie stellt d'Fro, ob de Staat sämtlech Veräiner zu Lëtzebuerg wëllt strofen a "futti maachen, well e puer Krimineller eventuell kéinten ënner dem Deckmantel vun enger Asbl Geldwäscherei bedreiwen".

De Laurent Mosar gesäit dat ähnlech. An hien ass der Meenung, datt Europa sech mat esou Reegele selwer keen Déngscht leescht. Hie géif och de Verdross vun de Leit verstoen, déi "ëmmer méi traureg iwwer Europa ginn". Mat esou Direktiven, déi Veräiner a Benevoller géife forcéiere fir all méiglech Paperassen ze deposéieren, géif ee sech net populär maachen. Dat ëmsou méi, well grouss international Offshore Strukturen - do wou de Risiko vu Blanchiment reell wär - guer net an der Direktiv virkommen, sou den CSV Deputéierten.

Den Donneschdeg de Moien ass zwou an eng hallef Stonne laang an der Justiz-Commissioun iwwer de Projet diskutéiert ginn, gëschter Mëtteg nach eemol annerhallef Stonn - du gouf de Rapport ugeholl (d'CSV huet sech enthalen). D'Gesetz kann deemno elo wéi geplangt en Dënschdeg am Plenum diskutéiert a gestëmmt ginn.