Sécherheet Police oppe fir Bodycams

Wann d'Polizisten am Asaz esou portabel Kameraen dobäi hätten, kéint esou wuel d'Beamten selwer dovu profitéieren, ewéi och d'Bierger. Dat sot de Philippe Schrantz um Dënschdeg a senger Ried um traditionelle Patréinerfest vun der Police.

Vesna Andonovic / tt

Eine neue Body-Cam hängt an der Schutzweste einer Polizeibeamtin. Bei der Polizei in Mecklenburg-Vorpommern gehören die Kameras für Film- und Tonaufzeichnungen nun zur Standardausrüstung von Polizeistreifen in den größeren Städten. In den Jahren 2018/19 w
Bodycams an Däitschland. Foto: picture alliance/dpa

Lauschteren


Bodycams kéinten eng Méiglechkeet si fir Situatiounen ze entschäerfen, déi riskéieren ze eskaléieren, esou de Generaldirekter vun der Police, Philippe Schrantz. Et wier een Outil fir béid Säiten: "Schutz fir de Polizist an Transparenz fir de Bierger".

D'Erfarungswäerter aus dem Ausland, wou Bodycamme schonn am Asaz sinn, schénge gutt ze sinn, esou de Philippe Schrantz.

Legale Kader muss geschaf ginn

Ier déi portabel Kameraen hei am Land kënnen an den Asaz kommen, misst awer e klore gesetzleche Kader geschaf ginn, esou de Generaldirekter vun der Police. Prinzipiell Froen, déi sech stelle wieren zum Beispill, wéini d'Kamera géing ophuelen, wat mat deene Biller geschitt, wien Accès drop huet a wéi laang se wou stockéiert ginn.

Den zoustännege Minister Henri Kox huet iwwerdeems confirméiert hie wéilt deemnächst zesumme mat der Police esou ee legale Kader schafen. Dat soll "zäitno" geschéien, esou den Henri Kox virun de Polizisten, ouni awer ee méi geneeën Zäitplang ze nennen.

Den Drock fir portabel Kamerae bei der Police anzeféieren, huet an de leschte Méint zougeholl: nodeems zu Ettelbréck ee mat engem Messer arméierte Mann vun der Police erschoss gi war, haten ënner anerem d'Policegewerkschaft an d'CSV gefuerdert, datt och hei am Land Bodycams an den Asaz kommen.

Méi zum Thema

Henri Kox
Nom Virfall am Garer Quartier

De Policeminister wëllt sech zum Virfall de Weekend am Garer Quartier nach net äusseren, mee d'Enquête ofwaarden. Hie bleift awer dobäi, datt privat Sécherheetsdéngschter a sengen Aen näischt am ëffentleche Raum ze sichen hunn.

Pascal Ricquier
Nom Asaz zu Ettelbréck

Elektroschockwaffe wiere "keng Wonnerléisung" fir Ugräifer ausser Gefecht ze setzen, seet de Pascal Ricquier. E Samschdeg hat d'Police a Mann erschoss, deen d'Beamte mat engem Messer attackéiert huet.

Police
No enger Course-Poursuite

Zu Ettelbréck huet d'Police gëschter Owend e presuméierten Täter erschoss. Ier et zu de Schëss koum, hätt de Mann d'Poliziste mat engem Messer attackéiert, esou de Parquet. D'IGP gouf mat enger Enquête befaasst.

Police Lëtzebuerg
No Kläppereien an der Stad

Eng Kläpperei hannert dem Palais op Nationalfeierdag kritt méiglecherweis Suiten. 100,7-Informatiounen no huet de Parquet eng Enqête wéinst Rebellioun opgemaach, an d'IGP eng Enquête wéinst méiglechem Feelverhale vun der Police.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Popfilter

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Den Nomëtteg

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen