Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Policegewerkschaft: Tasere si "keng Wonnerléisung"

Nom Asaz zu Ettelbréck

Policegewerkschaft: Tasere si "keng Wonnerléisung"

Elektroschockwaffe wiere "keng Wonnerléisung" fir Ugräifer ausser Gefecht ze setzen, gëtt de President vun der Policegewerkschaft SNPGL Pascal Ricquier ze bedenken, nodeems d'Police e Samschden e Mann erschoss hat, deen d'Beamte mat engem Messer attackéiert hat.

auto_stories

3 min

De Pascal Ricquier ass President vun der Policegewerkschaft SNPGL. Foto: Archiv

Et wier zwar duerchaus méiglech d'Poliziste mat Elektroschocker ze ekipéieren, de President vun der Policegewerkschaft betount awer, d'Poliziste missten dann och onbedéngt adequat forméiert gi fir mat deem neie Material ëmzegoen.

Wann ee mat engem Taser nämlech net richteg trëfft, kéint eng Situatioun nämlech eventuell nach méi geféierlech ginn, wéi se souwisou scho war. De Pascal Ricquier ënnersträicht awer, d'Poliziste wieren elo scho mat verschiddene Waffen ekipéiert fir sech ze verdeedegen.

"Fir och elo nach en Taser op eise Rimm ze maachen: ech weess net, ob der dee Rimm schonn eng Kéier gesinn hutt: deen ass voll gepaakt. Mir hunn eng Schosswaff, mir hu Pefferspray, e Stick (oder en Tonfa). Fir elo nach eppes do derbäi ze maachen, do muss een sech d'Fro stellen, ob dat net e bësse vill gëtt."

Formatioune fir d'Police

D'Poliziste ginn net genuch fir geféierlech Situatiounen um Terrain trainéiert, seet de Pascal Ricquier. Am Moment géifen d'Polizisten en hallwen Dag pro Joer forméiert ginn, an dat géif net duergoen, esou de President vun der Policegewerkschaft.

De Gewerkschaftler ass awer der Meenung, méi Formatioune wieren am Moment net méiglech, well et net genuch Personal bei der Police gëtt. Wann een d'Poliziste méi dacks géif an d'Formatioun ruffen, da géifen se dee Moment nämlech bei den Asätz op der Strooss feelen.

De Policeminister hat leschten Dezember eng Etüd bei der Generalinspektioun vun der Police an Optrag gi fir ze kucken, wéi een Usage de force d'Polizisten an der Grondausbildung geléiert ginn.
Den Haaptprinzip wier hei d'Deseskalatioun, mee och d'Proportionalitéit misst ëmmer assuréiert sinn, seet den Henri Kox. D'IGP soll dozou och Recommandatiounen an e Suivi maachen.

SNPGL ass fir Bodycammen

No dem Policeasaz e Samschdeg, wou ee Polizist op ee Mann geschoss an en déidlech verletzt huet, si vill Videoe vum Policeasaz op de soziale Medie gedeelt ginn. Fir de Pascal Ricquier ass dat e weltwäite Phenomen: "soubal e Policeasaz ass, sinn et d'Handyen, déi mat filmen".

Lauschterenplay_arrow

Sou Videoe géifen awer kee komplett Bild ginn, seet de President vun der Policegewerkschaft. Do géif sech d'Fro stellen, ob d'Police mat enger Bodycam ekipéiert gëtt. D'SNPGL ass ganz kloer fir d'Bodycam, well een dann d'Vu vum Polizist gesäit an ob se a Gefor waren.

De viregte Policeminister Etienne Schneider hat e Pilotprojet fir Bodycammen ugekënnegt, dee Projet läit momentan awer op Äis. Den aktuelle Minister fir bannescht Sécherheet Henri Kox ënnersträicht, datt de legale Kader dofir muss richteg stoen: virun allem misst gekläert ginn, wéini se agesat ginn an zu wéi engem Zweck. Déi Analys wier een am gaangen ze maachen.

De Pascal Ricquier sengersäits gëtt ze bedenken, datt fee separate Service vun der Gréisst vum Service radar misst opgestallt ginn. Et géif aktuell awer e Personalmanktem bei der Police ginn, an dofir "wéisst ech net, wou se 50, 60 Leit géifen hierhuelen, fir esou ee Service opzestellen".