Quartier Gare Policeminister géint Cooperatioun mat private Sécherheetsleit

De Minister fir bannescht Sécherheet schléisst aus, datt d'Police an der Stad mat private Sécherheetsleit zesummeschafft. Den Henri Kox betount, eleng d'Police wier fir d'Sécherheet am ëffentleche Raum zoustänneg. Zu Déifferdeng hätt sech scho gewisen, datt den Asaz vu private Sécherheetsleit am ëffentleche Raum zu Problemer ka féieren.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Kox Polfer

Hie wier géint eng Aushëllefspolice - dat huet de Minister fir bannescht Sécherheet de Moien hei op der Antenn ënnerstrach. Eleng d'Police wier fir d'Sécherheet am ëffentleche Raum zoustänneg, esou den Henri Kox.

D'Personal vun enger privater Sécherheetsfirma soll duerch hir Presenz e preventiven Effekt hunn, mee wa si eng Strofdot sollte feststellen, kéinte si agräifen. D'Lydie Polfer gëtt dëst Beispill: "Datt een, zum Beispill, een attackéiert, da kënne si schonn do hëllefen. Dat ass wéi bei all Bierger, wann e gesäit, datt een attackéiert gëtt."

D'Stater Buergermeeschterin erkläert, datt änlech Aufgaben och an anere lëtzebuergesche Stied scho vu private Sécherheetsfirme géifen duerchgeféiert ginn, zum Beispill zu Déifferdeng.

"Do gouf et schonn e Konflikt, well ee Sécherheetsmann engem Bierger eng an d'Akaul ginn hat" esou de Policeminister Henri Kox. Dee Moment wier eng Plainte géint de Sécherheetsbeamte gemaach ginn an net géint de Bierger. Esou Situatioune wéilt hien net hunn. "Dofir gëtt et keng institutionell Zesummenaarbecht vun der Police mat deene Sécherheetsleit", esou de Policeminister.

Lydie Polfer: Aufgabe vun der Police sinn net a Fro gestallt

Trotzdeem si vun haut u privat Sécherheetsleit, déi d'Stad engagéiert huet, am Garer Quartier an och an der Uewerstad ënnerwee. D'Stater Buergermeeschterin Lydie Polfer bedauert, datt de Policeminister eng Zesummenaarbecht mat dësen Agenten ausschléisst. D'Stater Buergermeeschterin Lydie Polfer argumentéiert, d'Aufgabe vun der Police wieren net a Fro gestallt, obwuel vun haut Dënschdeg un och eng Rei privat Sécherheetsleit an der Stad patrulléieren.

"Kee Mënsch wëllt eng auxiliaire Police (...) Mee d'Police kann net iwwerall sinn." D'Police hätt einfach net genuch Leit. Si géif unerkennen, datt de politesche Wëllen do wier fir méi Leit anzestellen, mee dat géif Zäit brauchen. "An duerfir brauche mer eng bescht méiglech an eng uerdentlech Zesummenaarbecht, Cadrage, vun der Police", esou d'Stater Buergermeeschterin.

D'Stater Buergermeeschterin seet, déi privat Sécherheetsleit wieren elo ee mol bis Enn Januar am Asaz. Duerno géif dann e Bilan gezu ginn.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Police Gare Lëtzebuerg 2
Stad Lëtzebuerg

D'Decisioun vum Stater Schäfferot fir enger privater Sécherheets-Entreprise den Optrag ze ginn am Garer Quartier Patrullen ze maachen, suergt fir vill Diskussiounen tëschent Gemengeresponsabelen an dem Policeminister.

Police Gare Lëtzebuerg 3
Drogekriminalitéit

Pro Joer gi 4.500 Dossiere wéinst Drogekriminalitéit beim Parquet opgemaach, seet de Laurent Mosar. Dat wier net nëmmen e Problem vun der Justiz an der Police, mee och um Niveau vun der Gesondheet.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen