Radioen

On air

Kultur um 5  |  Okkervil River - Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verschidde Politiker fuerderen Ännerunge vum Wahlgesetz

Chamberwahlen 2018

Verschidde Politiker fuerderen Ännerunge vum Wahlgesetz

D'Gesetz gesäit weder eng Méiglechkeet vir, fir eng Kandidatelëscht fir d'Chamberwahlen zeréckzezéien, nach fir e Kandidat vun enger Lëscht ze sträichen. Dat confirméiert d'Joséane Schroeder, Presidentin vum Haaptwahlbüro an der Stad. D'Partei Demokratie hat den Dënschdeg annoncéiert, hir zwou Lëschten am Süden an am Zentrum wëllen zeréckzezéien. Dat, nodeems eng Rei Leit soten, si hätten ni hiren Accord ginn, fir Kandidat ze ginn. No den Diskussioune ronderëm d'Kandidatelëschte vun der Partei Demokratie fuerderen eng Partie Politiker Ännerunge vum Wahlgesetz a strofrechtlech Konklusiounen.

auto_stories

5 min

"Kuriéis" an "immens traureg". Esou beschreift den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry d'Situatioun ronderëm d'Kandidatelëschte vun Demokratie. Et géif beweisen, datt ee fir Politik ze bedreiwe méi bräicht, wéi nëmmen de Wëlle fir sech bei Wahlen opzesetzen.

Dem Alex Bodry no missten ënner anerem Conclusiounen op strofrechtlechem Plang gezu ginn, wann et stëmmt, datt eenzel Kandidaten - wéi si gesot hunn - hanner d'Liicht gefouert goufen. Et misst iwwerpréift ginn, ob net souguer Ënnerschrëfte gefälscht goufen, esou den Alex Bodry.


Reaktioun vum Alex Bodryplay_arrow


"Ech kënnen d'Faiten net, mee ech mengen, datt och op Grond vun deenen Artikelen, deenen Aussoen, de Parquet och genuch Elementer hätt, fir mol eng Enquête préliminaire ze starten an deem heite Fall. Hei geet et jo awer trotzdeem ëm den Interêt public. E Wahlvirgang ass e wichtege Virgang an engem gesellschaftleche Liewen, a wann esou Virwërf an der Loft hänke bleiwen, mengen ech, datt et net abwegeg ass, wann de Parquet sech géif hei selwer saiséieren, fir hei mol einfach d'Fakten zesummenzedroen. Dat wär een éischte Schrëtt, dee ganz wichteg wier. Fir de Rescht, mengen ech, datt sech un de Lëschten näischt wäert änneren an datt déi dote Fro eventuell nach déi nächst Chamber ka beschäftegen. Dir wësst jo, datt hei zu Lëtzebuerg an engem System sinn, ähnlech wéi an der Belsch, wou déi gewielte Chamber selwer Riichter ass, iwwer d'Contestatioune bei Wahlen an d'Validatioun vu Wahle virhëlt. Dat wäert also eventuell eng Fro sinn, déi och déi nächst Chamber géif beschäftegen, zemools wann - wat ech a priori net gleewen - e Kandidat vun esou enger Lëscht géif erakommen. Da stellt sech d'Fro natierlech vun der Validitéit vum ganze Wahlvirgang op d'mannst an deem Bezierk."

Den Alex Bodry proposéiert, datt dat ganzt Wahlgesetz ënner d'Lupp geholl gëtt a punktuell Changementer gemaach ginn. Méi geriichtlech Kontroll misst zum Beispill bei Chamber- an Europawahlen agebaut ginn. Donieft missten d'Kandidate sech an Zukunft méi kloer manifestéieren, seet den LSAP-Fraktiounschef.

Léon Gloden an Eugène Berger: "Méi Kontroll néideg"

Den CSV-Deputéierten Léon Gloden schwätzt vun enger "spezieller Situatioun". Hie stellt sech bei de Lëschte vun Demokratie d'Fro, wéi d'Ënnerschrëften op de Bulletin komm sinn a wat zu deene Leit gesot gouf.


Reaktioun vum Léon Glodenplay_arrow


"Eng vun de Solutioune wier, d'Wahlgesetz an deem Sënn ze änneren, datt net nëmmen d'Ënnerschrëft op de Bulletin misst gemaach ginn, mee datt all Kandidat dann och eng eidesstattlech Erklärung ofgëtt, datt e confirméiert e Kandidat vun der Partei XY ze sinn. Déi zweet Méiglechkeet ass e Pré-Contrôle anzeféieren, wou dann nach eng Kéier bei de Kandidaten nogefrot gëtt, ob si effektiv dat ënnerschriwwen hunn, wat natierlech och mat ganz vill Opwand verbonnen ass."

Och den DP-Fraktiounschef Eugène Berger fuerdert méi Kontrollen.


Reaktioun vum Eugène Bergerplay_arrow


"Effektiv kann ee sech iwwerleeën, datt do eng duebel Garantie an Zukunft agebaut ass, datt een eben all kéiers individuell dee Certifikat, datt een op enger Wielerlëscht agedroen ass, well dat jo eng vun de Conditiounen ass, fir Kandidat ze sinn, datt een dat do da systematesch freet."

Gary Diderich: "Keng Ännerungen um Wahlgesetz néideg"

déi Lénk wëllen a Punkto Ofännerung vum Wahlgesetz "näischt iwwerstierzen", seet de Parteispriecher Gary Diderich.


Reaktioun vum Gary Diderichplay_arrow


"Deemno wat een do mécht um Wahlgesetz fir sou Fäll an Zukunft ze verhënneren, erschwéiert een och einfach den Zougang fir ebe sech Wahlen ze stellen. Dann hunn déi vun Demokratie, sou nennen si sech jo, méi Schued ugeriicht, well dann ass nach manner Demokratie zu Lëtzebuerg, wann ee lo, wéi an aner Länner, onendlech vill Ënnerschrëfte freet."

Fernand Kartheiser: Déi néideg Certificaten an Zukunft a Pabeierform erareechen

De Fernand Kartheiser, ADR, seet, ee Virfall wéi dee mat den Demokratie-Lëschten, hätt kënne verhënnert ginn, wann d'Parteie fir all Kandidat ee Certificat vun der Gemeng matgeliwwert hätten. Seng Partei wier och am Süden dovunner ausgaangen, datt esou een Certificat fir all Kandidat néideg wier. De Fernand Kartheiser schwätzt vun enger Konfusioun.


Reaktioun vum Fernand Kartheiserplay_arrow


"Mir haten Diskussiounen an ech weess, datt déi Leit bei eis am Parteisekretariat nogefrot hate bei de Geriichter, wat wierklech néideg wier a wat net, a mir haten do zum Deel ënnerschiddlech Renseignementer kritt. Fir sécher ze sinn, hu mir dunn decidéiert, fir ze kucken, déi Certificater all ze hunn, fir datt mir herno net mat enger Lëscht op d'Geriicht ginn, déi eis géif refuséiert ginn."

Manner Kontroll duerch digital Iwwerpréiwung vum Certificat d'inscription?

Wéi mir vun der Joséane Schroeder, Presidentin vum Haaptwahlbüro an der Stad confirméiert kruten, waren déi Certificaten am Zentrumsbezierk, grad wéi am Süden net néideg, well déi zoustänneg Instanze fir d'Kontroll vun de Kandidatelëschten Abléck an den nationale Persoune-Regëster kritt hunn.


Erklärunge vun der Joséane Schroederplay_arrow


De grénge Parteipresident Christian Kmiotek wollt sech op Nofro hin net heizou äusseren.


Politesch Reaktiounen am Panorama um 18 Auer:

Lauschterenplay_arrow