Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Politik muss op Ongläichheete reagéieren"

D'Zukunft vun der Aarbecht

"Politik muss op Ongläichheete reagéieren"

Déi sozial Ongläichheeten zu Lëtzebuerg sinn an de leschte Jore weider geklommen - dat géif ënner anerem dorunner leien, datt déi ënnescht Léin manner séier wéi déi méi héich geklomme sinn, seet de President vun der Chambre des salariés (CSL), de Jean-Claude Reding.

auto_stories

3 min

D'CSL fuerdert ënner anerem eng strukturell Hausse vum Mindestloun vun zéng bis eelef Prozent. De Berechnunge vun der CSL no wier dat noutwenneg, fir als Mindestloun-Empfänger net ënner d'Aarmutsgrenz ze falen. Dës Hausse, déi d'Chambre des salariés fuerdert, entsprieche ronn 200 Euro, wat duebel souvill ass, wéi dee Montant, dee momentan zur Diskussioun steet.

Och d'Sozial-Prestatioune missten dem Jean-Claude Reding no weider ugepasst ginn. D'Kannergeld hätt zum Beispill, trotz gratis Schoulbicher an anere Mesuren, an de leschte Joren u Wäert verluer. Fir d'Chambre des Salariés ass et besonnesch wichteg, datt an de Betriber gutt Kollektivverträg ausgehandelt ginn, well bei Kollektivverträg den Ecart tëschent den ënneschten an ieweschte Léin manner grouss wier. Op ëmmer méi Plaze géif et awer guer keng Kollektivverträg méi ginn, a besonnesch jonk Leit, déi op hiren éischte Plazen ufänken, géifen ënner prekäre Konditiounen agestallt ginn.

Berufflech Weiderbildung fir jiddwereen

Berufflech Weiderbildung ass dréngend noutwendeg, fir ze verhënneren, datt et an der Aarbechtswelt Leit ginn, déi den Zuch an den digitalen Zäitalter verpassen an op der Streck bleiwen. Dëst gëllt besonnesch fir Leit mat enger niddreger Qualifikatioun, esou de President vun der Salariatskammer Jean-Claude Reding. Dofir wären nieft der ëffentlecher Hand och d'Acteuren aus der Formation continue gefuerdert, fir weider Efforten ze maachen. Dat géif natierlech och fir d'Chambre des Salariés gëllen, an där hir Owescoursen haut scho 7.000 Leit ageschriwwe sinn.

De Jean-Claude Reding seet, datt et gewosst wier, datt eng Rëtsch Beruffer géife verschwannen, an eng Rëtsch vun Aarbechte sech total géife veränneren. "Do mussen d'Leit, wa si net sollen op der Streck bleiwen, ëmgeschoult ginn." Eegen Ëmfroe géife weisen, datt vill Leit eng Weiderbildung géife maachen, mee datt dat haaptsächlech déi Leit wieren, déi schonn eng gutt Ausbildung hunn. "Déi, déi mat manner Ausbildung op den Aarbechtsmaart komm sinn, sinn do manner betraff", esou de President vun der Chambre des salariés.

De Jean-Claude Reding gëtt zwar zou, datt et zwar iergendwéi normal wier, datt net jiddwereen d'selwecht vun der Weiderbildung profitéiert, mee et wier awer net gutt. "Et kann een dat sécher verstoen, datt dat esou ass, mee et ass awer e Problem, dee sech stellt. Well herno hu mir op eng Kéier esouvill Prozent vun der Bevëlkerung, déi ginn op der Streck gelooss." Da géif ee sech wonneren, wann Onzefriddenheet an der Gesellschaft géif opkommen. Déi wier da berechtegt, mee et kéint een dat awer eigentlech änneren, esou de President vun der Chambre des salariés.

Net ze vill Gremien an d'Liewe ruffen

Kuerz virun de Wahlen ass en neie Gremium an d'Liewe geruff ginn: de Conseil national de la productivité. Dee Conseil ass keng Lëtzebuerger Iddi, mee eng europäesch. De Jean-Claude Reding huet awer Bedenken, ob ee wierklech nach e Gremium brauch, mat deene selwechte Leit, déi schonn un aneren Dëscher zesummesetzen. D'Chambre des salariés ass der Meenung, datt et duergaange wier, fir en Aarbechtsgrupp am Conseil économique et social ze maachen.

Et hätt een d'Tendenz, vill ze vill esou Gremien an d'Liewen ze ruffen. Et sollt ee léiwer de Conseil économique et social stäerken, an "deem Mëttelen ze ginn, Méiglechkeeten ze gi fir un déi néideg Fachleit erunzekommen", esou de Jean-Claude Reding.