Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politiker leiden ënner Greta-Thunberg-Syndrom

EU-Politesche Wocheréckbléck

Politiker leiden ënner Greta-Thunberg-Syndrom

Vill Emotiounen dës Woch zu Stroossbuerg, wou déi lescht Sessioun vun dësem Europaparlament war. Vill Äddien also, fir déi eng ass et endgülteg, well si net méi kandidéieren, fir déi aner ass et nach ongewëss, well si net wëssen, ob si erëmgewielt ginn. Fir Opreegung huet och de Besuch vun der Klima-Aktivistin Greta Thunberg am Europaparlament gesuergt. Mir kucken op dës Woch zeréck mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

2 min

Eis EU-Korrespondentin Danièle Weber. Foto: Elke Weber (Archiv)

D'Greta Thunberg am Parlament - dat war een Evenement, wat virun allem ënner dem Zeeche vum Wahlkampf stoung. Fotoen zesumme mat der Klimaaktivistin waren dono ganz beléift op Twitter.

Kee Wuert doriwwer, datt deels déi selwecht Politiker verhënnert hunn, datt Klimaaaktivisten vu Fridays for Future un engem Debat iwwer EU-Klimapolitik virun e puer Woche konnten deelhuelen. Kee Wuert och doriwwer, datt déi nämmlecht Politiker sech dofir agesat hunn, datt Grenzwäerter fir Emissioune manner héich ausfalen.

Et huet no Wahlkampf gericht, an dëser leschter Sessioun vum Europaparlament dës Woch zu Stroossbuerg.


Mir kucken op dës Woch zeréck mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber. Lauschtert dat ganzt Gespréich. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.