Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Thin Lizzy - Dancing In The Moonlight (It's Caught Me In It's Spotlight)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Polnesche Rechtsstaat a Gefor

Etat de droit

Polnesche Rechtsstaat a Gefor

Pole verstéisst wéinst verschiddene Gesetzer a wéinst dem Ausruffe vun LGBTI-fräien Zone géint géint fundamental EU-Rechter, seet ee Rapport vum Europaparlament. D'Parlament verlaangt, datt méi konkret Mesurë geholl ginn. D'Debatt an der Plenière war awer och kontrovers.

auto_stories

3 min

Dorunner, datt a Polen duerch verschidde Gesetzer de Prinzip vun der Rechtsstaatlechkeet net respektéiert gëtt, besteet keen Zweiwel. Zu deem Schluss kënnt d'Parlament a sengem Rapport, iwwer deen e Mëttwoch ofgestëmmt gëtt. Elo awer steet scho fest, datt d'Majoritéit dohannert steet.

Den Etat de droit a fundamental Rechter gi widderhuelt ënnerwandert, esou d'Parlament. Et géif dofir ecrasant Beweiser. Am Rapport ginn och d'Rechter vu Schwule, Lesben an Transsexuellen, kuerz LGBTI, ernimmt. Iwwer 100 Stied a Polen hate sech als LGBTI-fräi Zonen deklaréiert.

Géint déi Communautéit géif och d'Regierungspartei Stëmmung am Land maachen, esou de Marc Angel. "Dozou gehéieren Haassrieden vun héije Politiker a gewaltsam Aktioune vun der Police, wat dëse Summer dozou geféiert huet, datt massiv Leit festgeholl goufen", huet de Lëtzebuerger LSAP-Europadeputéierten an der Plenière erkläert.

Réckewand vu Riets

Am deels hëtzegen Echange hu sech eng Partie Deputéiert zu Wuert gemellt, déi wéi de Marc Angel selwer am Numm vun der LGBTI Communautéit schwätzen.

"Kuckt eis un, mir si keng Ideologie, mir si Mënschen aus Fleesch a Blutt a mir wëllen exakt déi nämmlecht Rechter wéi jiddwereen. Also haalt op, eis fir Är eekeleg politesch Agenda ze mëssbrauchen", seet déi däitsch Gréng Terry Reintke un d'Adress vun de Vertrieder vun der polnescher Regierungspartei "Recht a Gerechtegkeet".

Déi däitsch gréng Europadeputéiert Terry Reintke. Foto: EU / Emilie Gomez

Esou Aussoe kréien och Widdersproch. Aus Pole mellt sech zum Beispill de Patryk Jaki zu Wuert. Hie war bis zejoert Staatssekretär am polnesche Justizministère, deemools nach Member vun der Regierungspartei PIS. Haut gehéiert hien zu enger Splitterpartei, déi sech ënner anerem staark géint de Mariage vun Homosexuellen engagéiert.

"Et gëtt guer keng LGBTI-fräi Zonen a Polen, dat gëtt just vu lénken Aktivisten behaapt, an Dir gleeft dat einfach!", gehäit hien an d'Debatt.

Applaus dofir, datt déi polnesch Regierung sech fir e konservatiivt Familljebild mat Mamm, Papp a Kanner asetzt, kënnt och vum Maximilian Krah vun der däitscher Alternative für Deutschland: "Polen an Ungarn hu sech fir eng konservativ Linn entscheet, datt ass eng souverän Decisioun vum Vollek, dat verstéisst net géint EU-Traitéen."

D'Majoritéit am Parlament gesäit dat awer anescht. D'Ausruffe vun LGBTI-fräien Zonen ass net konform mat EU-Recht an d'Kommissioun misst dowéinst eng Prozedur lancéieren, verlaangen eng ganz Partie Europadeputéiert.

Kommissioun versprécht näischt

Dat wier awer net esou einfach, esou d'Äntwert vun der zoustänneger EU-Kommissärin Věra Jourová. Well eng Deklaratioun vun enger LGBTI-fräier Zon hätt am Prinzip keng juristesch Grondlag. "Mir si keng Aktivisten, mir kenne nëmmen eppes maachen, wa mer eng kloer legal Handhab hunn", esou d'Tschechin.

D'Europaparlament fuerdert och vun de Memberstaaten, datt si an der Prozedur, déi wéinst de Gesetzer ronderëm d'Justizreform scho lancéiert gouf, ee Schratt viruginn an elo Hearinge mat Polen ofhalen. Allerdéngs ass och dat just eng Etapp an enger laanger a komplizéierter Prozedur, déi eréischt ganz um Schluss Sanktioune virgesäit.

D'Diskussiounen iwwer nei Mesuren, wéi d'Verknäppen vum EU-Budget mam Anhalen vun der Rechtsstaatlechkeet sinn amgaang, mee nach laang net um Enn. Dat et net virugeet, läit och un der Oppositioun vu Länner wéi Polen an Ungarn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.