Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sophie Diderrich: Déi nei Buergermeeschtesch vun Noumer

Gemengewalen

Sophie Diderrich: Déi nei Buergermeeschtesch vun Noumer

A sechs Gemenge gëtt e Sonndeg net gewielt, well et net méi Kandidaten a Kandidatinne gi wéi Mandater. Esou och an der Gemeng Noumer am Kanton Miersch. Den aktuelle Buergermeeschter Franco Campana geet net méi mat. Siwe Leit hu sech elo fir déi néng Poste gemellt, an déi siwe si sech eens: d'Sophie Diderrich soll déi nei Buergermeeschtesch ginn. Mat 24 ass si déi jéngste Gemengemamm, déi et bis ewell zu Lëtzebuerg gouf. D'Ana Angel huet sech mat hir op hirer Liblingsplaz getraff.

auto_stories

4 min

D'Sophie Diderrich gëtt mat 24 Joer déi jéngste Buergermeeschtesch hei am Land. (Foto: Ana Angel)

Beim "Champignon" zu Noumer mécht d'Sophie Diderrich am léifsten hir Interviewen. "Fir mech ass et eng speziell Plaz.", seet déi jonk Buergermeeschtesch. "Do ass einfach sou eng speziell Stëmmung op där Plaz."

De Start an d'politesch Karriär

Déi lescht 24 Joer huet si an der Gemeng Noumer verbruecht. Hiert ganzt Liewen also. Elo gëtt si Buergermeeschtesch. Sou geplangt war dat awer net.

"Mir hate jo do Komplementarwalen, an dunn hat ech mam Gedanke gespillt. Jo, an dunn hunn ech mir einfach gesot: Sophie, mell dech."

Et war zu Komplementarwale komm, well zwee Gemengeconseilleren opgehal haten. Zanter dem leschte Joer ass d'Sophie Diderrich also am Gemengerot.

Och wann hir politesch Karriär réischt do ugefaangen huet, ass si schonn zanter der Jugend sozial engagéiert. Dat kéint, sou mengt d'Sophie Diderrich, hir och als nei Buergermeeschtesch weider hëllefen.

"Ech war jorelaang och am Club des Jeunes, och Presidentin an am Comité, sou datt ech awer relativ vill an der Gemeng mat der Jugend ze dinn hunn, wat fir mech och immens wichteg ass, well d'Jugend ass a bleift Zukunft."

Op d'Jugend elo hire Schwéierpunkt gëtt, weess si nach net. Esou wäit wier si nach net, seet d'Sophie Diderrich. Elo géing et virun allem drëms goen, iwwerall e bëssen eranzekommen. Duerno géing ee weider kucken.

Ënnerstëtzung ass garantéiert

An d'Matière eraschaffe muss si sech no der Aarbecht. Mee als Agent de voyage ass si frou, datt si Aarbechtskolleegen a Kolleeginnen huet, déi flexibel sinn a si ënnerstëtzen.

Awer net just déi ënnerstëtzen d'Sophie Diderrich. Si kennt puer Leit, déi well am Gemengerot waren, an hir sou virun hëllefe kënnen.

"Mäi Monni war och selwer hei am Gemengerot. Hien huet och scho gesot: 'Sophie wann eppes ass, da mell dech.' De jëtzege Buergermeeschter, ech hat hien och lo virun enger hallwer Stonn um Telefon, deen huet och scho gesot: 'Sophie, wann iergendeppes ass, kanns de mir ëmmer uruffen.'"

Ënnerstëtzung huet si also. Och vun der Famill, wéi si ëmmer nees betount. An awer wier et hir léiwer gewiescht, datt och an der klenger Gemeng Noumer gewielt gi wier.

"Ech hätt definitiv léiwer Wale gehat. Virun allem weess een da selwer, wou een drun ass. Hei ass am Fong lo iwwer de Kapp vun de Bierger decidéiert ginn. An et weess een och net, op dat do lo fir d'Bierger och sou an der Réi ass."

D'Natur läit dem Sophie Diderrich um Häerzen. (Foto: Ana Angel)

Eng besonnesch Erausfuerderung?

Déi ronn 1.400 Biergerinnen a Bierger haten 2017 nach de Choix: 17 Leit hate sech fir déi néng Poste gemellt. Deemools war ënnert deene 17 keng Fra. Elo ass souwuel de Buergermeeschtesch-Posten, wéi och d'Plaz vum éischte Schäffe mat der Ariane Töpfer, vun enger Fra besat.

Op si mengt, datt dat eng besonnesch Erausfuerderung mat sech bréngt, äntwert d'Sophie Diderrich mat engem kloren Nee. Et wier éischter den Alter, deen et besonnesch géing maachen, an net d'Geschlecht.

An awer steet si dem Ganzen zouversiichtlech vis à vis.

"Ech denken awer, datt ech do an Zukunft hoffentlech iwwerall wouer geholl ginn, och mat deem, wat ech da soen, respektiv och decidéieren."

Tourismus an Natur als Haaptpunkten

Eppes, wat hir besonnesch um Häerz läit, ass d'Natur. D'Leit wéilte sech gären an der Natur ophalen, seet d'Sophie Diderrich. Tourismus, souwuel nationale wei internationalen, ass deemno ee Volet, deen hir wichteg ass.

"Ech hunn d'Hotelschoul gemaach. Als éischt hunn ech de Restaurateur gemaach, an den Hotelier-Restaurateur. An Tourismus insgesamt ass eppes, wat immens wichteg ass, an dat musse mir hei am Land och insgesamt fërderen."

Wat hir Zukunft bréngt, weess d'Sophie Diderrich eegenen Aussoen no nach net. Verschidde Sujeten, déi hir wichteg sinn, sinn éischter op nationalem Plang ze klären. Ob et si och an déi national Politik zitt, weess si nach net. Elo well déi jonk Gemengemamm sech op hier Gemeng Noumer konzentréieren.