Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Portugisesch Bierger:innen zu Lëtzebuerg: Erausfuerderungen a Lobbying

Zesummeliewen

Portugisesch Bierger:innen zu Lëtzebuerg: Erausfuerderungen a Lobbying

Ronn 100.000 portugisesch Bierger:inne wunnen hei am Land. Mat wéi enge Virurteeler gi si zu Lëtzebuerg confrontéiert, wat sinn d'Erausfuerderungen, déi se am Alldag musse meeschteren? Wat maache si, datt hir Doleancë gehéiert ginn? Mir hunn eis mat der fréierer Journalistin an Editrice Liliana Miranda ënnerhalen.

auto_stories

3 min

Et géif eng luso-lëtzebuergesch Identitéit ginn, mengt d'Liliana Miranda. Ee Virdeel: se bréngt extreme Räichtum, well zou Kulturen zesummekommen. Een Nodeel: et hätt ee phaseweis d'Gefill, keng eigentlech Identitéit ze hunn, grad well een zwou verschiddener huet.

Al Stereotyppen, déi net méi aktuell sinn

Am Alldag si portugisesch Bierger:inne mat enger Rei Virurteeler konfrontéiert: beispillsweis datt se och no Joerzéngten zu Lëtzebuerg d'Landessprooch nach ëmmer net schwätze kéiten oder just am Botz- oder Bausecteur géife schaffen.

Hautdesdaags immigréieren awer aner Leit aus Portugal op Lëtzebuerg, seet d'Liliana Miranda: déi wieren deelweis op d'Uni gaangen an hätten och eng ganz aner Formatioun.

"A si kommen dann op Lëtzebuerg a ginn dann nach ëmmer mat deenen Stereotyppe konfrontéiert, mat deene si sech selwer absolut null identifizéieren. A mat deenen hu se heiansdo nach e bëssen ze kämpfen."

D'Liliana Miranda geet dovunner aus, datt dës Stereotyppe géifen ofhuelen: ëmmer méi Leit mat engem portugiseschen Numm géifen an der Fonction publique schaffen oder wieren an der Politik aktiv, "also wierklech e bëssen an alle Beräicher", mengt déi fréier Journalistin.

Knackpunkten Educatioun a Participatioun

Am Alldag ginn et fir portugisesch Bierger:innen eng Rei Erausfuerderungen ze meeschteren. De gréissten Challenge war a bleift d'Educatioun - an zwar fir portugisesch Kanner, déi op Lëtzebuerg plënneren, mee och fir déi, déi hei gebuer ginn, seet d'Liliana Miranda.

"Dat läit selbstverständlech dorunner, datt mir dach e relativ spezielle Schoulsystem hu wat d'Sproochen ugeet. Et muss een einfach soe wéi et ass: De Schoulsystem ass nach ëmmer net gemaach fir Kanner, déi doheem keng vun de Landessprooche schwätzen. Dat heescht, wann een doheem portugisesch schwätzt, huet ee statistesch gesinn éischter relativ schlecht Chancen."

Am Beräich vun der Bildung wier an de leschte Joren awer ganz vill geschitt, freet sech déi fréier Journalistin - ënner anerem duerch déi ëffentlech international Schoulen.

D'Participatioun um politesche Liewen ass zu Lëtzebuerg e grousst Theema fir portugisesch Matbierger. Bei de Gemengen- an Europawalen, un deene se Deel kënnen huelen, ginn zwar wéineg vun hinne wielen, d'Chamberwale wieren hinnen awer wichteg, betount d'Liliana Miranda.

Wéinst dem Resultat vum Referendum vun 2015 wier déi politesch Participatioun eng Erausfuerderungen, "well een do eben e bëssen ausgeschloss gëtt", esou d'Liliana Miranda.

Ee Porte-parole fir d'Communautéit

Bis viru kuerzem war d'Confédération de la Communauté Portugaise au Luxembourg e Sproochrouer fir d'portugisesch Communautéit an huet an der Ëffentlechkeet aktiv esou Theemen op d'Tapéit bruecht.

Mee intern Streidereien a finanziell Schwieregkeeten hunn zu enger Opléisung vun der CCPL gefouert. Braucht d'portugisesch Gemeinschaft hautdesdaags iwwerhaapt nach e Lobbying?

Fir d'Liliana Miranda ass d'Äntwert kloer: Jo, well et wier fir Lëtzebuerger Autoritéiten interessant fir ee Porte-parole bei verschidde Sujeten ze hu fir e bëssen eng Anung ze kréien, wat an der gréisster auslännescher Communautéit hei am Land leeft, "wat villäicht trotzdeem nach kleng oder grouss Boboe sinn", wéi d'Liliana Miranda et ausdréckt.

Virstelle kéint si sech dat ënner enger méi einfacher Struktur ewéi zum Beispill enger Asbl. Do kéinten alleguer déi portugisesch Bierger, déi Loscht hunn, zesummekomme fir ze kucken, wat d'Problemer sinn a wéi een zesumme Léisungen dofir ka fannen.