D'Partei-Gremie vun DP, LSAP an déi gréng kommen zäitgläich, en Dënschdeg, de 4. Dezember owes um hallwer siwen zesummen, fir iwwer d'Regierungsbedeelegung, de Koalitiounsaccord an iwwer d'Ministere vun de jeeweilege Parteien ofzestëmmen
D'Vereedegung vun der neier Regierung ass fir e Mëttwoch, de 5. Dezember am Palais virgesinn.
Posteverdeelung an der neier Regierung, déi de radio 100,7 confirméiert krut
DP:
- Xavier Bettel: Staatsminister, Medien a Kommunikatioun, Digitaliséierung
- Pierre Gramegna: Finanzen
- Corinne Cahen: Famill an Integratioun, Groussregioun
- Claude Meisch: Bildungsministère, Héichschoul a Recherche, Enseignement musical, Patrimoine linguistique
- Marc Hansen: Fonction publique, Simplification administrative, Relatioune mam Parlament, delegéierte Minister fir Digitaliséierung
- Lex Delles: Tourismus, Mëttelstand
Onkloer ass, wie Minister vun de Cultes gëtt. De Kulturministère bleift net bei der DP, mee geet un déi gréng.
De Comité directeur vun der DP soll iwwer den Accord an d'Posten diskutéieren. Et ass awer nach net gewosst, wou dat wäert sinn, e soll sech awer zäitgläich mat de Gremie vun den anere Parteien gesinn, also de 4. Dezember um 18:30 Auer.
déi gréng:
- Félix Braz: Vize-Staatsminister a Justizminister
- François Bausch: Transport, Verdeedegung, Ënner Sécherheet
- Carole Dieschbourg: Ëmwelt, Klima
- Sam Tanson: Logement, Kultur
- Claude Turmes: Nohaltegkeet, Energie, Landesplanung
De Claude Turmes soll iwwerdeems och fir Kreeslafwirtschaft zoustänneg ginn. Dat soll awer keen eegene Ministère ginn, mee transversal fonctionnéieren. D'Landesplanung soll aus dem MDDI erausgeholl ginn. De Kongress, fir iwwer den Accord a Posten ze entscheeden, ass de 4. Dezember um 18:30 an der Abtei Neimënster.
Fraktiounscheffin wäert d'Josée Lorsché ginn, dat krute mir och confirméiert.
LSAP:
Mir kruten nach keng Confirmatioun zu de verschiddene Posten. Et gouf vun e puer Leit op de Kongress verwisen, deen de 4. Dezember um 18:30 am Centre Barblé zu Stroossen ass. Hei soll iwwer de Regierungsaccord ofgestëmmt ginn. Direkt duerno ass de Generalrot, wou iwwer d'Posten ofgestëmmt gëtt.
Fraktiounschef wäert ufanks den Alex Bodry sinn. Hie wäert dat awer just eng kuerz Zäit maachen. 100,7-Informatiounen no wëllt hie sech vun 2020 op d'Verfassungsrevisioun konzentréieren. Duerno kéint de Georges Engel dëse Posten iwwerhuelen.
De Serge Kesseler am Panorama, den 29. November um 12 Auer:
Update 30. November:
Och bei der LSAP steet d'Verdeelung vun de Regierungsressorten elo fest: Den Etienne Schneider bleift Vize-Premier a Wirtschaftsminister an iwwerhëlt doriwwer eraus och de Gesondheetsministère. Déi Meldung vum Quotidien krute mir confirméiert. Anescht wéi dat am Wort de Moie stoung, wier net geplangt, datt den Etienne Schneider virum Enn vun der Legislatur ophält.
De Romain Schneider iwwerhëlt d'Landwirtschaft an d'Sozialversécherung, d'Taina Bofferding den Inneministère an de Chancëgläichheetsministère, den Dan Kersch d'Aarbecht an de Sport, d'Paulette Lenert d'Cooperatioun an de Konsumenteschutz, an de Jean Asselborn bleift Ausseminister.
Dëser Opdeelung mussen d'Parteigremie vun der LSAP nächst Woch nach zoustëmmen.