Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Stan Vreeken - Martha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prepare 4 Brexit

Konferenz

Prepare 4 Brexit

D'Entreprisen an Europa bereede sech op de Brexit vir. Och d'Betriber zu Lëtzebuerg kréie vun der EU-Kommissioun an der Lëtzebuerger Regierung deementspriechend Instruktiounen an Ënnerstëtzung.

auto_stories

3 min

D'Logistik, ee Secteur deen zu Lëtzebuerg ausgebaut gëtt, wäert staark vum Brexit betraff sinn. Bei Arthur Welter Transports seet de Finanzdirekter Ben Frin, eng international Camiontransport-Gesellschaft bräicht oppe Grenzen, well soss Douaneskontrollen dobäi géife kommen, wat mat kilometerlaange Staue verbonne wier.

"Wann nëmmen all zéngte Camion kontrolléiert gëtt, deen haut schonn a Groussbritannie fiert, da géif dat e Stau vun 30 Kilometer bedeiten. Dat ass eppes, wat mir eis selbstverständlech net kënne leeschten", seet de Ben Frin.

Fir Transporter an oder aus engem net-EU Land, bräicht een och speziell Lizenzen. Arthur Welter Transports huet esou eng Lizenz fir de gesamte Fuerpark. "Mir hunn zwar sechs zousätzlech Lizenze gefrot, mee ob mir déi kréien, well se pro Land limitéiert sinn, dat wësse mir net."

No aneren Alternative kucken

Aner Firmen hunn aner Problemer. Probiotic Group Luxembourg produzéiert Flëssegkeeten, dorënner medezinesch Produite fir Klinicken a Veterinären. Déi Flëssegkeete kommen a Fläschen, déi aus England kommen. De Martin Schoonbroodt vu Probiotic erkläert, datt een eng gutt Relatioun mam Liwwerant hätt. Et wier een awer a Kontakt mat ähnleche Liwweranten aus Däitschland, falls et duerch de Brexit Komplikatioune géif ginn, well beispillsweis d'Steieren an d'Luucht géife goen.

Mee net fir jiddweree bréngt de Brexit nëmmen Desavantagen. Fir Deloitte Tax & Consulting, engem vun de Big Four zu Lëtzebuerg, wier et och eng Opportunitéit, seet de Pierre-Jean Estagerie. D'Consultingfirma géif ville Firmen hëllefen, sech op de Brexit am Beräich vun der Fiskalitéit, vum Audit oder anerem Consulting, virzebereeden.

Wat geschitt mat de Studenten?

Bei enger Konferenz, déi Prepare 4 Brexit geheescht huet, wou ënner anerem den Ausseminister Jean Asselborn an d'Vizegeneralsekretärin vun der EU-Kommissioun, d'Céline Gauer, deelgeholl hunn, goufen et och Froen aus dem Publikum, ënner anerem d'Fro, ob Lëtzebuerger Studenten a Groussbritannie kënne weider studéieren. De briteschen Ambassadeur John Marshall huet dorops geäntwert, datt all europäesch Bierger weider kéinten a Groussbritannie wunnen, schaffen a studéieren.

D'Vertriederin vun der EU Kommissioun huet dat e bëssen nuancéiert: Verschidde britesch Universitéiten hätten annoncéiert, datt si weider wéilte mat der EU zesummeschaffen, op d'mannst fir een oder zwee Joer. D'Leit sollten de Kontrakt mat der Uni genee duerchliesen. Soss géifen et och an Däitschland oder Frankräich gutt Unie ginn.

Wat geschitt ouni Accord?

D'Céline Gauer huet en zimlecht däischtert Bild gezeechent vun engem Brexit ouni Akkord - deem Zeenario, vun deem si géif ausgoen. Dat wier eng brutal Trennung. Groussbritannie wier dann net just en Drëttstaat, mee en Drëttstaat ouni ee Kooperatiouns-Akkord mat der EU.

D'Vizegeneralsekretärin gesäit awer net alles schwaarz am Brexit:

" Ça nous montre tout simplement tout ce que nous avons en commun. Ça nous montre qu'un travailleur peut librement aller préserver ses droits de sécurité sociale ou qu'il travaille à l'intérieur des 27. Ça lui donne une liberté et une protection fantastique. Les entreprises ont pris l'habitude de voir le marché intérieur comme un marché national sans aucune distinction. Ils ont pris l'habitude de ne plus avoir de formalités douanières, de contrôles, et de tous ces éléments qui ralentissent, qui créent des coups pour les entreprises et qui créent beaucoup de bureaucratie. Ça c'est à l'Europe qu'on le doit. Et donc finalement, de manière extrêmement triste et regrettable, la sortie du Royaume-Uni est aussi pour nous une occasion de voir tout ce que nous partageons, et à quel point c'est précieux. "