Corona-Pandemie Prescriptioune vereinfachen

Drogekonsumenten hu wéinst der aktueller Situatioun Schwieregkeeten un Heroin oder Kokain ze kommen, dat seet de Raoul Schaaf, Direkter vum CNDS, dem Comité national de défense sociale, deen och fir den Drogekonsumraum zoustänneg ass.

Carole Schimmer / cbi

Abrigado
D'Corona-Kris huet och en Impakt fir Drogenofhängeger

De Bäitrag vum Carole Schimmer lauschteren


D'Substanzen, déi aktuell um Drogemarché ze fanne wieren, wiere vu schlechter Qualitéit, seet de Raoul Schaaf, Direkter vum CNDS, deen ënner anerem den Abrigado an den Drogekonsumraum geréiert.

"Net gutt heescht, datt wéineg Kokain oder Heroin an deenen Drogen dran ass. Et si vill Streckmëttel an deene Substanzen dran. Do gi Saache gebraucht, déi d'Leit éischter krank maachen."

Dealer kéime wéinst de ville Kontrolle kaum nach iwwer d'Grenz. Dat huet och gesondheetlech Konsequenze fir déi Leit, déi vun esou Substanzen ofhängeg sinn. Am Drogekonsumraum wëllt een zesumme mam Gesondheetsministère no Léisunge siche fir d'Substitutioun ze vereinfachen.

Substitutioun vereinfachen

D'Drogen- a Jugendhëllef, grad wéi Doktere mat engem Agrement, kënnen den Drogenofhängeger de Methadon, ee Substitutiounsmëttel, ubidden. Dat gëllt allerdéngs nëmme fir Heroinsüchteger. Fir de Kokainkonsum, deen am Abrigado ee Véierel vun de Persoune concernéiert, gëtt et fir den Ament keng Substitutioun.

Wéinst der aktueller Kris ëm de Coronavirus hunn d'Doktere mat engem Agrement fir Methadon d'Hänn voll ze dinn. Den CNDS fuerdert dowéinst eng Alternativ. De Raoul Schaaf seet, datt een dee Substitutiounsprogramm och vum Abrigado aus kéint ulafe loossen.

Prescriptioune méi séier verschreiwen

Den nationalen Drogecoordinateur am Gesondheetsministère, den Alain Origer, sicht no enger Léisung. Et wier een amgaang ze iwwerleeën, ob et opportun a méiglech wier, "fir eng nidderschwelleg Offer" ze erméiglechen a fir Dokteren ze mobiliséiere fir Prescriptiounen ze maachen. D'Zil wier et, fir de Leit, déi de Besoin hunn a wëllen en Traitement maachen, méi séier eng Prescriptioun ze ginn.

Et géife sech an deem Kontext juristesch Froe stellen. Dat misst awer an den nächsten Deeg gekläert ginn.

Méi zum Thema

Anne-Marie Hanff
Testen

D'Anne-Marie Hanff ass ausgebilten Infirmière a si huet sech fräiwëlleg gemellt, fir an den neie Maisons médicales ze schaffen. Ronn fënnef Leit maachen an hirem Zentrum Tester op de Coronavirus.

Provisorescht Corona-Spidol beim CHL
Coronavirus

Um Site vum Stater Centre Hospitalier gëtt elo ee provisorescht Zelt opgeriicht, mat Plaz fir 100 Better, wou Patienten och kënne beotemt ginn. Dëst a Kooperatioun mat der NATO-Agence NSPA, déi hire Sëtz hei am Land huet.

Abrigado
Sans-abrië beim Abrigado

Wéi soll een doheem bleiwen, wann ee keen Doheem huet? An d'Drogenhëllefsstruktur Abrigado an der Stad Lëtzebuerg kommen all Dag 180 Clienten. Och hei muss ee sech wéinst der Coronavirus-Pandemie ëmstellen.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen