Impfplang Groupe HRS: Presidence vum Verwaltungsrot huet sech direkt impfe gelooss

D'Presidence vum Verwaltungsrot vun den Hôpitaux Robert Schuman huet sech direkt um Ufank géint Covid-19 impfe gelooss, obwuel d'Membere vun de Verwaltungsréit vun de Spideeler dem Gesondheetsministère no réischt um Enn vun der zweeter Phas sollen un d'Rei kommen.

Maxi Pesch

Exklusiv Corona-Impfung
Foto: Bigstock

Lauschtert de ganze Bäitrag hei



An engem Mail un d'Spidolsfederatioun, deen eis virläit, huet de Gesondheetsministère Mëtt Januar geschriwwen, datt d'Membere vun de Verwaltungsréit vun de Spideeler net ënner déi éischt Phas vun der Impfcampagne falen - et sief da si wieren Deel vum Gesondheetspersonal.

Verwaltungsrot à priori net a Phas 1

De Santésdirekter Jean-Claude Schmit sot eis, datt d'Phas 1 fir déi Leit an de Spideeler wier, déi am Kontakt mat Patiente sinn. De Spriecher vun den Hôpitaux Robert Schuman gesäit dat anescht.

De President Jean-Louis Schiltz an d'Vizepresidente Michel Wurth a Claude Seywert géifen als Burösmembere vum Verwaltungsrot zur Gouvernance systémique gehéieren.

Ugangs wiere keng Guidelines do gewiescht

Deemno hätte si vun Ufank un zu den 3.200 Persoune gezielt, déi de Spidolsgrupp Ufank Januar definéiert hätt fir d'Klinik mat enger Impfung ze securiséieren.

De Marc Glesener, Spriecher vum Grupp Hôpitaux Robert Schuman:

"Am Ufank war guer keng Guideline do, do gouf gesot d'Spidol misst securiséiert ginn. Dunn hu mir prioriséiert. 3.200 Invitatiounen an dovun déi dräi vum Büro vum Conseil d'Administration. Duerno dräi Wochen drop koum eng Nott vum Gesondheetsministère wou genau dra stoung wat si sech ënner der Prioritiséirung virstellen, an datt dat zwar net de CA wier, mee d'Gouvernance misst och geimpft ginn. An zu där Gouvernance gehéiere bei eis dräi Leit, dat ass de Büro vum Conseil d'Administration."

Dem Marc Glesener no géife souwuel e President wéi d'Vizepresidente vum Verwaltungsrot vum Groupe HRS reegelméisseg u Reuniounen deel huelen, a si géife sech um Site Kierchbierg respektiv an der Zitha ophalen.

Well net genuch Impfstoff do ass fir all d'Leit mateneen ze impfen, huet Lëtzebuerg e 6-Stufeplang, deen definéiert, wie wéini un d'Rei kënnt. Déi éischt Phasë si mam Ethikrot ofgeschwat fir eng sënnvoll a gerecht Prioriséierung ze maachen.

Méi zum Thema

Dateschutz an der Impfcampagne
Covid-Gesetzer

Den Dateschutz gëtt méi kloer am Covid-Gesetz gereegelt. Bei der Impfcampagne solle just nach déi Date laang gehale ginn, bei deenen et Sënn mécht. Daten, déi net gebraucht ginn, solle fréi geläscht ginn.

Jean-Claude Juncker.jpg
Jean-Claude Juncker

D'EU-Kommissioun hätt keng gréisser Feeler gemaach, fir Impfstoff ze beschafen, seet de Jean-Claude Juncker. Datt den Androck gemaach gi wier, datt all Europäer elo kuerzfristeg geimpft kéint ginn, wier de Probleem.

Impfung géint Covid-19
National Impfstrategie

An de Phasen 2 bis 6 sollen zwee Krittäre bestëmmen, wie wéini géint Covid-19 geimpft gëtt. Engersäits spillt den Alter eng Roll, anerersäits verschidde Krankheetsbiller. Ufank Mäerz soll déi nächst Phas ufänken.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen