Tour de France oder och laizistesch Pilgerfaart: Den Élysée war dëst Kéier besonnesch kreativ, fir laanscht de Begrëff Walcampagne ze kommen
Den Emmanuel Macron huet seng Kandidatur fir d'Presidentschaftswalen nämlech nach net ugekënnegt. Hie widderhëlt, datt hien den Ament nach net soe kéint, op seng Kandidatur dat richtegt fir säi Land wier.
Mee d'Zäit fir eng Tournée duerch Frankräich: déi ass scho laang zeideg.
De Macron a seng Partei stinn ënner Drock
An zwou Woche sinn hei Regionalwalen a seng Partei La République en Marche läit de Sondagen no nëmmen an der Bretagne an an der Pays-de-la-Loire vir. À la Limite kéint him dat egal sinn, wann et net och ëm seng eegen Ëmfroewäerter schlecht stoe géing. D'Politologe prophezeien en zweeten Tour Macron géint Le Pen, wou hien de Kierzeren zéie kéint.
Dofir also eng Tour de France, wou de franséische President nees a Kontakt mat sengem Vollek wëll trieden.
Éischt Etapp war de Mëttwoch am Departement Lot, 100 Kilometer nërdlech vun der Staat Toulouse. Hie begréisst d'Awunner frëndlech mat der Fauscht, erzielt vu senger rezenter Pfitzer-BioNTech Impfung an vu senger Visitt am Musée du Vin. Hie presentéiert sech als volleksno, änlech wéi e Buergermeeschter - de Buergermeeschter vu Frankräich.
Dat kënnt am Duerf gutt un. Een Awunner echaufféiert sech zwar iwwer d'Oofschaafung vun der Verméigenssteier. Mee de President weess dorobber séier eng Replik, "Est-ce qu'on peut massivement taper les gros, idée qu'on adore chez nous? On peut le faire, mais les gros s'en vont - et les industries avec." A schonn ass alles verginn?
Vu Gilets Jaunes zu Maillot jaune
Den Emmanuel Macron inzenéiert sech als Kriseretter, als Gewënner-Typ. Dowéinst zeechent d'Daageszeitung Libération hien um Vëlo, mat engem Maillot Jaune, wéi hien iwwert d'Käpp vun de Kandidate Marine Le Pen a Xavier Bertrand fällt?
Dobäi war säi Mandat méi vun de Gillets Jaunes markéiert wéi vum Maillot Jaune. A grad leit seng Popularitéit ënner senger Coronapolitik. Dat wier wuel och den Haaptgrond, firwat hie seng Kandidatur nach net annoncéiere kann. Hie muss Frankräich nach duerch d'Pandemie bréngen, am Géigesaz vu senger Konkurrentin Marine Le Pen, där hier Campagne zanter Ufank vum Joer leeft.
Wéini de Regierungs-Chef Macron seng Kandidatur ukënnegt, kann een nach net viraussoen. 1988 huet den deemolege President Mitterand seng Kandidatur ee Mount virun de Wale bekannt ginn. Wann den Emmanuel Macron awer och esou laang zéckt, riskéiert hie wuel eng änlech Perte, wéi deemools de François Mitterand. Mee fir dat ze evitéieren, fänkt hien eben elo scho mat senger Tour de France un.