Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Art Feynman - Desperately Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pressefräiheet ënner Drock

Fräie Mikro

Pressefräiheet ënner Drock

A ganz Europa geréit d'Pressefräiheet ëmmer méi ënner Drock. Dobäi ass dës grad a Krisenzäiten onverzichtbar, mengt d'Politikwëssenschaftlerin Léonie de Jonge vun der Uni Groningen.

auto_stories

3 min

De 6. Juli 2021 gouf de prominenten hollännesche Kriminalreporter Peter R. de Vries zu Amsterdam op oppener Strooss erschoss. Nach de selwechten Owend huet de Regierungschef Mark Rutte geschwat vun enger "Attack op e couragéierte Journalist an domat en Ugrëff op d'Pressefräiheet".

D'Attentat op de Peter R. de Vries war keen isoléierten Tëschefall. Dem Committee to Protect Journalists no sinn an de leschten zéng Joer weltwäit iwwer 500 Journaliste ronderëm d'Welt wéinst oder wärend hirer Aarbecht ëmbruecht ginn.

Och wann Attentater op Journalisten an Europa am internationale Vergläich bis ewell relativ rar sinn, passéiere se och ëmmer erëm op eisem Kontinent. Sou ass am Joer 2017 op Malta déi investigativ Journalistin Daphne Caruana Galizia duerch eng Autosbomm ëm d'Liewe komm. E Joer méi spéit gouf de jonke slowakesche Journalist Ján Kuciak zesumme mat senger Frëndin an hirem Appartement erschoss.

Aggressioune vis-à-vis vu Journaliste sinn heefeg

Ma och net-déidlech Gewaltdote géint Journaliste kommen ëmmer méi heefeg fir. Aus enger rezenter Enquête aus Holland geet ervir, dat méi wéi aacht vun zéng befrote Journaliste wärend hirer Aarbecht schonn emol mat Aggressioun oder Bedreeunge konfrontéiert goufen.

Zanter dem Ufank vun der Corona-Kris huet d'Situatioun sech zougespëtzt. Ëmmer erëm gi Journalisten attackéiert, well si Informatioun iwwer d'Pandemie verëffentlechen. An Däitschland goufen am leschte Joer 65 Ugrëff géint Journaliste registréiert. Dat entsprécht enger Verfënneffachung am Verglach mat 2019.

Wéinst de ville Attacke wärend den Anti-Lockdown-Demonstratioune gouf d'Lag vun der Pressefräiheet an eisem Nopeschland souguer vu "gutt" op "zefriddestellend" erofgestuuft. Dës Entwécklungen entspriechen engem méi breeden europäeschen Trend, wéi aus dem järlechen Pressefräiheetsindex vu Reporter ouni Grenzen ervir geet.

Vertrauen an d'Medie gëtt ënnergruewen

Nieft Intimidatiounen an Aggressiounen, maachen och Desinformatioun a Fake News de Journalisten d'Aarbecht ëmmer méi schwéier. Wann d'Medie systematesch a kollektiv als "onglafwierdeg" Institutioun déi bewosst Onwourechten an d'Welt sëtzt duergestallt ginn, da besteet d'Gefor, datt d'Vertrauen an d'Medien ënnergruewe gëtt. Wann dat Vertrauen net mi do ass, da gëtt op eemol legitim, fir kritesch Medien ofzeschafen.

Am August gouf a Polen e neit Mediegesetz gestëmmt, dat et kritesche Medienhaiser onméiglech mécht fir virunzeschaffen. An Ungarn si mëttlerweil quasi all kritesch an onofhängeg Medie vu regierungsfrëndlechen Oligarchen opkaaft ginn. Duerch d'Aschränke vun onofhängege Medie kënnt d'Pressefräiheet an Europa ëmmer méi ënner Drock.

D'Press spillt eng wichteg Roll

Dobäi ass grad a Krisenzäiten d'Pressefräiheet onverzichtbar. Journaliste spillen eng wichteg Roll fir Wourechten opzedecken, de Public ze informéieren an d'Politik zur Rechenschaft ze zéien. D'Aschränkung vun onofhängeg Berichterstattung erhéicht net just d'Onsécherheet an der Populatioun, mee kann eis och reelle Geforen aussetzen. Schonn eleng dowéinst ass et wichteg, dat Journaliste besser geschützt an encadréiert ginn.

D'EU muss sech vill méi däitlech géint all Aschränkunge vun der Pressefräiheet positionéieren. Donieft musse Regierungen op nationalem Niveau sech méi proaktiv fir d'Pressefräiheet asetzen. Mee och mir als Bierger si gefrot, fir engersäits den onofhängeg Journalismus ze ënnerstëtzen, an anerersäits eis Politiker op ze fuerderen, sech staark ze maache fir Gesetzgebung déi d'Pressefräiheet explizitt schütz. D'Verdeedegung vun der Pressefräiheet geet eis alleguer eppes un.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.