Radioen

On air

Notturno  |  Pino Palladino, Blake Mills - Djurkel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pressehëllef un Zuel vu Journaliste gekoppelt

Verschidde Sockelen

Pressehëllef un Zuel vu Journaliste gekoppelt

An Zukunft soll d'Zuel vun de Journalisten d'Héicht vun der Pressehëllef bestëmmen. Dat gesäit den Avant-Projet de loi vir, deen eis virläit. Déi sougenannt "Part fondamentale" an de Montant pro redaktionneller Säit sollen deemno entfalen.

auto_stories

2 min

Et géif wahrscheinlech eng Iwwergangsperiod vun dräi Joer festgehale ginn, seet de Paul Konsbruck, Premier Conseiller de Gouvernement. An dëser Period solle sech d'Editeure fir deen alen oder deen neie System entscheeden kënnen. Bei der neier Pressehëllef soll awer kee manner kréien.

Verschidde Sockelen

An de Verhandlungen tëschent den Editeuren a Regierungsvertrieder Mëtt Juni gouf e Barème diskutéiert, no deem d'Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek an de Lëtzebuerger Journal awer jee 50.000 Euro manner Pressehëllef zegutt hätten. Dat confirméiere verschidden Editeuren op Nofro hin.

De Barème gesäit eng Subventioun jee no Sockel vir:

  • 3 Vollzäit-Tâchen
  • 5 Vollzäit-Tâchen
  • 10 Vollzäit-Tâchen
  • 15 Vollzäit-Tâchen
  • [...]
  • 35 Vollzäit-Tâchen

Et ass e Basissockel mat enger Subventioun vun 150.000 Euro virgesinn. D'Deckelung bei maximal 35 Tâchë soll bei 1.550.000 Euro leien.

Aus dem Kommunikatiouns- a Medieministère heescht et, datt de Barème am fäerdegen Text ugepasst, an den Text geännert géif ginn. Et sollen weider Tëschesockele festgehale, an en neien ënneschte Sockel fir zwou Vollzäit-Tâchen agefouert ginn. Konkret Beträg fir dës verschidde Sockele waren awer nach net gewuer ze ginn.

Pressehëllef méi accessibel

Weider solle méi Titelen eligibel ginn, fir déi nei Pressehëllef unzefroen. Ëm wéi ee Montant déi global Enveloppe fir d'Pressehëllef viraussiichtlech wäert an d'Luucht goen, géif momentan awer nach net feststoen. D'Erhéijung soll awer manner wéi 30 Prozent ausmaachen, heescht et aus dem Kommunikatiouns- a Medieministère.

Gratiszeitunge sollen den aktuelle Pläng no net méi vun enger Hëllef fir hir Online-Offer profitéieren. D'Schéier tëschent de gréissten an de klengste Beträg soll iwwerdeems net zesummegoen, heescht et. D'Lëtzebuerger Wort kritt aktuell ronn 1,5 Milliounen Euro, d'Woxx ronn 270.000 Euro.

Projet gëtt geschwënn deposéiert

Eng weider Reunioun mat den Editeure wier iwwerdeems net geplangt, seet de Paul Konsbruck. De Projet géif demnächst an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert an nach virun der Summervakanz an der Chamber deposéiert ginn.

Ufanks 2014 wollt d'Regierung déi direkt Pressehëllef nach kierzen an déi indirekt Pressehëllef, also d'Schalte vun Annoncen duerch de Staat nach massiv erofsetzen. Zanterhier gëtt un enger Reform vun der Pressehëllef geschafft.


De Chris Zeien am Panorama, de 6. Juli um 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow