Gesondheetssecteur "Prett fir eng zweet Well"

Wéinst méi Neiinfektioune mam Coronavirus mussen nees méi Patienten an de Spideeler behandelt ginn. "Et ass Beweegung do", esou de Romain Nati, Generaldirekter vum Centre Hospitalier op der Areler Strooss.

Jean-Claude Franck / cz

Romain Nati
De Romain Nati ass Generaldirekter vum Centre Hospitalier (CHL)

Den Ament mierkt een am CHL nach net vill vun enger zweeter Well. Hänn desinfizéiert, Mask un, duerch d'Receptioun, a fënnef Minutte méi spéit si mer beim Generaldirekter am Büro. Mee: Et goufe 450 Neiinfektiounen an de leschten zwou Wochen, dat féiert mat engem gewësse Retard och nees zu méi Behandlungen.

"Et ass nees Beweegung do"

Et hätt ee Mëtt Juni wärend iwwer zwou Woche guer kee Patient méi gehat. Dëse Mëttwoch de Moie waren et der nees siwen, dovun een op der Intensivstatioun.

De Romain Nati schwätzt vun enger liichter Hausse, mee et misst een d'Situatioun ganz enk suivéieren, well et kéint och nees eng exponentiell Hausse ginn. En Deel just vun de positive Leit muss an d'Spidol. Op dräi bis véier Patienten an de Soins normaux kéim ongeféier ee Patient an de Soins intensifs. De CHL géif den aktuelle Pläng no 30 Covid-Patienten op der Intensivstatioun packen.

Iwwer 100 Intensivbetter wier Katastrophenzeenario

Wann déi Better beluecht sinn, heescht dat, datt Leit musse fräigestallt gi fir d'Anästhesie an d'Reanimatioun viru garantéieren ze kënnen. "Do wäert e limitéierende Facteur optriede fir chirurgesch Agrëff", sou de Romain Nati.

Den CHL ass déi éischt Adress fir Covid-Patienten. Ass d'Spidol ausgelaascht ginn d'Patienten op déi aner Spideeler am Land verdeelt. D'Kooperatioun wier gutt, esou de Romain Nati. Ronn 100 Intensivpatiente géif een zesumme packen. Doriwwer eraus wier een am Katastrophenzeenario, an deem ganz vill misst ëmgestallt ginn.

"Enttäuscht wa Leit net oppassen"

Den CHL wier prett fir eng zweet Well. D'Personal wier motivéiert. Mee déi éischt Well wier net einfach gewiescht fir d'Mataarbechter, dat sollt een net ënnerschätzen, esou de Romain Nati. D'Schaffen an de Schutzequipementer, mat enger Krankheet, déi een net gutt kannt huet, wier physesch a psychesch ustrengend gewiescht. "Am Fong hätten eis Leit lo hire Summer verdéngt", seet den CHL-Generaldirekter, mee d'Personal wier do wann et néideg wier:

"Mee natierlech sinn eis Leit enttäuscht wann dobausse vläicht net gutt opgepasst gëtt, an dat - wat si matgehollef hu mat eegenem Asaz ze erkämpfen - muttwëlleg op d'Spill gesat gëtt".

Field Hospital warscheinlech net néideg

De Generaldirekter vum Centre Hospitalier kuckt awer méi entspaant an d'Zukunft wéi nach am Mäerz. Deemools wier een net prett gewiescht, ganz anescht wéi haut. Haut hätten d'Spideeler sech anescht organiséiert, et hätt een Otemmaschinnen a Schutzkleedung, et wiere Weiderbildunge gemaach ginn an et wéisst ee méi iwwer déi adaptéiert Behandlung vun der Covid19-Krankheet.

De Romain Nati mengt och net, datt d'Zelt-Spidol fir Covid-Patiente wäert gebraucht ginn. "Mir ware wärend der éischter Well frou, datt mer d'Field Hospital als Ventil hate well mer net wosste wat nach alles kéim, mee elo ass et ganz onwarscheinlech datt mer et an den nächste Méint brauchen", esou den Dokter Romain Nati ier e bei seng éischt Patiente vum Dag geet. Well déi waarden. An de leschte Méint hunn nämlech vill Net-Covid-Behandlunge musse reportéiert ginn. An dat gëllt et lo opzehuelen, soulaang net eng exponentiell zweet Well kënnt.

Méi zum Thema

Alex Skupin
Corona-Pandemie

De Fuerscher Alexander Skupin vun der Corona-Task Force seet, d'Situatioun wier kritesch, och wann net grad sou extrem wéi gefaart. Déi nächst Deeg géife weisen, ob et zu Lëtzebuerg eng zweet Well vun Infektioue gëtt.

Ulf Nehrbass
Corona-Pandemie

Et wier méiglech, datt Lëtzebuerg um Ufank vun enger zweeter Well steet, seet den Ulf Nehrbass. Dofir wier et wichteg, datt d'Massentester gemaach ginn, fir esou d'Infektiounsketten ze ënnerbriechen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen