Radioen

On air

Notturno  |  Feist - Borrow Trouble

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LCGB: Primm vun 2.500 Euro geet net duer

Cargolux

LCGB: Primm vun 2.500 Euro geet net duer

Bei der Cargolux gesäit et no engem ganz gudde Geschäftsjoer 2017 aus: "De Marché ass explodéiert", esou e Vertrieder vun der Cargo-Fluchgesellschaft. Dowéinst gouf de leschte Mount eng eemoleg Primm vun 2.500 Euro un all Mataarbechter ausbezuelt, huet den LCGB eis confirméiert. Eng Primm eleng géif awer net duer goen, seet d'Gewerkschaft.

auto_stories

2 min

Eng Primm eleng léist d'Problemer bei der Cargolux net, ënnersträicht de Paul De Araujo vum LCGB-Syndikat vun de Beschäftegten am Aviatiounssecteur. De Problem wier, datt d'Personal an de leschte Joren immens flexibel hätt misste schaffen, mat engem Afloss op d'Privatliewen:

"U sech geet natierlech eis déi Prime vun 2.500 Euro elo net duer, mir hätten natierlech léiwer, datt mir eis ëm d'Haaptproblemer këmmeren, notamment ëm d'Aarbechtskonditioune vun de Leit, respektiv och vläicht schonn am Virfeld vun den nächste Kollektivvertragsverhandlungen, datt ee sech och, wat d'Aarbechts- an d'Salaireskonditioune vun de Leit u sech, doranner géif investéieren."

Den aktuelle Kollektivvertrag bei der Cargolux leeft nach bis Enn 2018.

D'Haaptschwieregkeet de Moment wier, datt Personal géing feelen. Et misst an alle Servicer agestallt ginn, fir d'Personal z'entlaaschten, esou de Paul de Araugo vum LCGB. Wéi vill an a wéi enge Beräicher Personal feelt, wier de Moment nach net genee gewosst, esou de Gewerkschaftler.

Neit Personal

Bei der Cargolux geet Rieds vu 50 bis 100 Leit Personal, déi 2018 a verschiddenen Departementer kéinten agestallt ginn. Och dëst Joer wieren nei Leit rekrutéiert ginn, dorënner Piloten, déi awer nach a Formatioune wieren. Eng Tatsaach wier, datt vill Congéë missten ofgebaut ginn, esou ee Vertrieder vun der Fluchgesellschaft. Am Cargolux-Verwaltungsrot dës Woch soll de Budget fir 2018 decidéiert ginn.

Den LCGB hofft, datt d'Cargolux een attraktive Patron bleift, erkläert de Paul De Araujo.

"D'Cargolux war ëmmer e Betrib, deen d'Leit u sech ugezunn huet op Grond vun hire Konditiounen, an d'Cargolux muss och an Zukunft weiderhinn en attraktive Betrib ginn a sinn, fir d'Personal, respektiv fir déi richteg Leit anzestellen."

D'Strategie Cargolux 2025, déi am Fréijoer virgestallt gi war, gesäit eng besser Kontroll vun de Käschte vir. Vun 2019 u sollen d'Käschte pro Joer ëm 50 Milliounen Dollar gedréckt ginn.

Zënter dem September dëst Joer flitt d'Cargolux mat am Ganze 27 Fligeren. D'Airline beschäftegt weltwäit knapp 1.900 Leit.

Retard bis 2019

Déi éischt Flich vun der neier Henan Cargo Airline, un där d'Cargolux zu 25 Prozent bedeelegt ass, dierften iwwerdeems Retard kréien, esou de Gewerkschaftler Paul De Araujo. Ugangs war geplangt, datt d'Vollen Enn 2018 hätte sollen ufänken.

Wéinst Changementer am Conseil vun der chinesescher Gesellschaft, wéi och an der chinesescher Provënz Henan, géif et awer wahrscheinlech 2019 ginn, bis den operationelle Betrib vun der sougenannter Cargolux China kann ufänken, huet de Vertrieder vum LCGB eis op Nofro hi gesot.